Alt erem kommen mir schlecht aus de Fiederen... De Mich huet immens schlecht geschlof, iergendwei huet hien elektresch Bletzer verursacht... Frot mech nett wéi...
Muerjes na schnell de Poulet gebroden an op enger Schmier giess an géint halwer 11 ass et Richtung Yosemite National Park gangen. D'Madame (mam Mondgeroch) aus der Receptioun huet ons firgewarnt dass et bessi "smokey" do kéint sinn weinst Feier awer trotzdem war fir sie alles "wonderful". Fir eis awer nett... De Mich houng hallef bewosstlos iwert der Théik (Mondgeroch!!!!)
Am visitor center beim Mono lake ukomm, wou beim Michel och vill Kandhetserennerungen opkommen, kennen dem Ranger seng Froen all positiv beäntwert ginn:
"Do you have water?"
"Yes!"
"Do you know where you stay tonight ?"
"Yes!"
"Do you have your visitor pass?"
"Yes!"
Mir sinn déi perfekt Touristen! Och den Ranger ass der Mehnung an seet "good job guys!"
Mir kënnen stolz op ons sinn!
Um Monolike alt rem e super weiblechen Ranger. (Wéi seet en dat? Rangerin? Rangesch? Keng Ahnung) Üblech Fro: "where are you guys visitting from?" D'Äntwert kënnt der ierch denken... Hir Äntwert: "Oh right, Luxembourg is Luxembourg!" Super d'Madame wees bescheed!
Mir treplen Richtung Lake durch en doftend Mier vun gielen Blummen. D'Fanny muss natirlech rem alles an d'Hand huelen an richt des Blummen. Sou kennt et dass de Max iwerlet wéi eng Sefen hien kéint aus desen herb-würzegen giele Blummen man. Hmmmm. Comme ca sent bon!
De Stand vum Monolake ass leider durch de Séisswaasserkomsum immens zréck gangen... Schued wéi d'Natur zerstéiert gett!
E schéinen Holzwee féiert Richtung Séi. Den bessi muchtege Geroch vun den Holzbrieder erennert un dem Bopa sain alen Holzschapp demols.
Op engem Scheld steet et soll en de Fanger an d'Waasser stiechen an schmaachen. Dem Fanny seng firwetzeg Natur léisst hat dat natirlech direkt maachen. De Mich ass rem héchst besuergt et kéint epps schreckleches geschéihen.
D'Séiwaasser ass méi salzeg wéi Mierwaasser an huet och e liichten batteren Goût.
Hei d'Erklärung:
An hei och na d'Erklärung wéi déi bizarr Figuren am Waasser entstinn:
Zreck am Auto gett et e klengen Snack bestehend aus kenstlechem Waasser-Jus an Biscotti. Déi zwee Tigere knätschen em d'Wett.
Ukomm bei der Entree vum Park alt rem e saucoolen Ranger mat beard. Hien schmeisst mat coolen Sprech em sech fir d'Ketty hannert sech ze beandrocken: "Hey brother..., yeah man... Awsome guy" Allerdengs ass d'Ketty nett ze zefridden mat senger nett sou professionaler Auskunft an schléit him mendlech op d'Patten (nett wuert-wiertlech). Dass d'Fraen emmer sou zréckmaulen mussen. Do hat de Ranger sech wuel ue weit aus der Fenster vum Haischen geluecht!
Och am Yosemite-Park ass et wonnerschéin. D'Bäch an d'Waasserfäll fléissen vun Séi zu Séi. E richtegt Wanderparadies. Et richt schon bessi nom ungekündegten Feier. Mir hoffen na emmer drop e Bier ze gesinn!
Klengen Stopp bei engem Flesschen. Souuu schéin! D'Fanny muss d'Patten alt rem an d'Waasser zappen.. Eiiii dat deet gutt eiskalt Biergwaasser!
D'Nouten vum Oliver Shanti begleeden ons lanscht déi quasi onberéiert Natur. Mir gesinn Adleren (oder Geieren mir wessen et nett). Mir gesinn och Réih an natirlech vill Chipmunks.
Ennerwee maachen mir rem vill Fotoen bei Séien, Baachen, Bierger...
Fotoen beim Half-Dome Fiels & klenge Snack beim Séi.
Iwerall sinn Schelder mat 'Speeding kills bears'. Mir fueren schéin lues hunn awer na kee Bier gesinn.
Beim Siesta-Lake ass eng rout Luut weinst Arbechten, de Mich hellt de Séi beim Numm an mecht eng kurz Sieste...et dauert an et dauert.
Wat ass nemmen lass hei? Ongedold mecht sech breed!
Ah et waren Bescharbechten. Et riicht super no Harz!
D'Fanny wiesselt rem d' Platz mam Max. Hatt wëll bessi vun der Sonn fir profitéiren. De Max iwerhellt direkt d'Kichen an freet wat hien kann zervéiren. De Beautysalon gëtt kurzerhand no fir verluecht.
Mini-Hiking Tour Richtung Waasserfall den awer leider ausgedrechent war. Schued, mir sinn bessi enttäuscht. De ganze Wee fur naischt! De Mich an de Crocs rem top ausgerüst!
Mat Waasser geng dat sou ausgesinn...
D'Fanny muss 5 km bei eng Toillette lafen an gesait den Auto op emol lanscht fueren. "Oh nee sie werten mech jo nett vergiess hunn!!!", denkt et panesch. Awer nee!!! Gott sei dank hunn d'Tigeren just wollten entgéint fueren.
Mir fueren raus aus dem Park. Et war e langen Dag an mir sinn midd. All eis Gedanken sinn beim Pool. Op der Streck Richtung Hotel fueren mir lanscht eng Onmass vun Quadratmeter verbrannten Bësch. Et ass traureg sou eng Zerstéirung ze gesinn!
D'Fanny kënnt rem mat sengem Pseudo-Geo-Wëssen an zielt eppes vun Erosion an fruchtbarem Buedem. Kappreselen aus der Bordkichen an vum Kapitänssetz.
Allerdengs musse mer na googlen wéi sou en Bëschbrand sech wirklech op de Wuesstum vum Bësch auswirkt. Et ass nett vollkommen ausgeschloss dass d'Fanny mat sengen Theorien nett weit vun der wessenschaftlecher Realitéit eweg ass.
Mir checken schliesslech endlech an am Hotel. Den Hotel ass ok, american style awer sans plus. Bessi Motel-Charme halt. Et sinn vill amerikanesch Hiker ennerwee an verenzelt daitsch an letzebuergesch Touris.
Leider hunn mir keen Internet...wéi solle mir dat nëmmen iwerliewen?
Iwerall hänken Warnhinweiser wéinst Bieren. Anscheinend ass eng Bieremamm mat 2 Kanner um Terrain ennerwee. Et soll en op kee Fall Iessen am Auto loossen an och owes sech nett lang dobaussen ophalen. Mir huelen also alles Iessbares raus aus dem Auto an ran an d'Zemmer. De Mich huet allerdengs Angscht, dass de Bier dann, amplatz an den Auto, an d'Kummer anbrecht fir sech d'Iessen ze stibitzen.... Naja mol kuken wat an der Nuecht geschitt!
Mir ginn schnell bei de Pool fir déi lescht Sonnenstrahlen ze genéissen. Mir wëllen virun der 18-käppeger Hiker-Truppe am Pool sinn, déi schon den Hot Tub (Whirlpool) beim anchecken ennert d'Lupp geholl huet. Mee leider sinn mir ze spéit.
Eng daitsch Madame (déi natirlech direkt unhellt dass mir och daitsch schwetzen) an en vun den Hiker sinn schon présent...dann musse mir alt rem pool crasher spillen, an se all verdreiwen. Awer den Hiker, och genannt 'the guy from DC', mecht ons e Strech durch d'Rechnung. Hien fänkt e lockeren chat un.
En tippescht Ami " where are you guys visitting from" smalltalk-Gespréich hellt sain Laf an iergendwéi och keen Änn.
Hien hält Tigeren vum spillen of! De Max schärt schon mat den Huffen fir de Wilson endlech ofzeschéissen....Awer emmer rem fänkt de guy from DC en neit Thema un. Hien wëll alles wessen. Vun wou mir sinn, wéi eng Sproochen mir schwätzen, wéi d'Kultur bei ons ass an sou weider an sou virun....
De Max zielt stolz dass mir geschter e Wein vun Washington haten, verwiesselt dobai awer Stadt mat Staat Washington. Den guy aus DC iwerhéiert dat awer galant.
Mettlerweil huet sech eng ganz Hickescht vun senger Hiker-Truppe am Hot Tub anfonnt (wahrscheinlech mat ongewäschenen Kéis-Féiss).
Dono zielt hien dem ganzen hot tub infos iwer letzebuerg. Déi eler Herrschaften wëllen alles brühwarm erzielt kréien. De guy from DC verzielt gedelleg déi ganz story...
Endlech kann de Wilson an den Asatz. Dem Mich seng gefahrten Ultra-Bäll kommen zum Ansatz an mëschen den hot tub gewalteg op. Eng kleng Ofkillung kann am 100 Grad warmen hot tub nett schueden, denkt de Mich.
D' Fanny gewennt schliesslech an der ultimativer Partie an huet soumat de Sieg iwer all d'Spiller vum pool an der ganzer Vakanz errongen!!!!!!!
Hatt zitt de Mich gnadenlos of. Hien huet nairlech just 90% ginn an seng Ultra-Bäll nett géint sain Weibchen wollten ansetzen.
Wat en historeschen leschten Ansatz vum Wilson!!!!
An engem Duerf nett weit eweg ginn mir op d'Sich no engem Restaurant. Duerf heescht Groveland.
Iwerall an desem Duerf sinn Réih déi grasen. Sinn lafen mol nett fort.
Mir décidéiren ons fir beim Charlotte z' iessen. E klengen léiwen Resto & Boutique Hotel mat Charme. Mir iessen onerwart gutt an mat fir des Géigend zimmlech aussergewéinlechen Rezepter, wéi engem Pad Thai !!! Mir sinn all zefridden mat onsem choix (den de Mich schon am Internet ausgekuckt hat).
De Max iwerleet nom Iessen ob en bei den coiffer soll zu San Fransisco oder nett.
"Du muss sos man ech et an der Nuecht" seet de Mich drohend.
"Just wann ech de feeling hunn" äntwert de Max verdreemt.
"Wann en d' Hoër iwer e Joër ziicht, ass dat nett sou einfach fir se of ze schneiden! Dat ass sou wéi mat dengen Zéiwenneel Mich!", gett de Maxwell ze bedenken. De Mich kann lo méi Verständnis fir déi ganz Affär opbréngen.
Mir man ons op den Heemwee zreck an den Hotel. Mir fueren ganz lues wëll vill Déieren kreizen des Strooss.
De Mich seet mir missten sou schnell wéi méiglech an d'Kummer lafen wéinst dem Bier. Hien wëll naischt riskéiren. "1,2,3 huelt är Saachen Kanner an lass!!!!!!!!'" Rifft hien. De Max an d'Fanny klammen ganz relax aus dem Auto...Mat ziddregen Fangeren spärt hien d'Kummer op. De Schweeswëscher kennt zum Ansatz....puuhhhh!!!Mir sinn na emol mam Liewen dovun komm!!!
Am Hotel ukomm décidéiren mir eng Lëscht mat den Hoteler an Restoen ze maachen fir ze kuken wéi en am beschten/ schlechtesten ofschneit. Meeschtens sinn Tigeren sech ents. Beim Vdara kennt beim Max bessi Onmut op wéinst sengem ( nett vorhandenen) Bett. No bessi Discussion gett awer e Kompromiss fonnt. Mir sinn gespant wéi dese Comcours wert ausgoen. Fir den Best Western am Grand Canyon gesait et düster (zappendüster) aus, souvill kënne mir schon verroden.
Et kennt schon bessi Wehmut op. Geschwënn ass ons genial Rees eriwer.... Et war onvergiesslech!
Ier mer gutt Nuecht soen deelt ons de Mich mat, dass hien immens frou ass haut keng Bletzer ze verursachen. De Max fënnt d'Matratz ok... Am Kapp ginn déi zwee schon hir Bewertungen fir desen Hotel durch...
Gudd Nuecht leider fir d'lescht vun deser wonnerschéiner Rees (Fanny)






































Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen