Montag, 8. September 2014

Vegas Encore!!!


Ech (Fanny) wëll just na epps kloer stellen vun der Saach mam Beautysalon. An zwar ass dat:

A) iwerdriwen
B) total iwerdriwen
An:
C) mega iwerdriwen

Voila ;-)....

Obwuel mir ons geschwuer haten haut éischter op ze stoen, ass dem Fanny sain Wecker einfach iwerhéiert ginn...Mir sinn extrem schlecht aus dem Bett komm an hunn all den Sauerstoff-Mangel gespuert. No all klenger Ustrengung hat en Schnappatmung...
Och eis Cremen, Seefen an Deo'en haten hir Schwieregkeeten sech ze adaptéiren... 
Sou ass dem Michel sain Roll-On Deo em d'Oueren geflunn komm: D'Bull eraus geflunn an de Mich vun uewen bis ënnen besudelt. Sain Fazit: " Lo richen ech weinstens gutt!"

Ennen an Lobby ukomm, seet d'Ketty den Hotel wir na nett bezuelt,  ons Lëscht seet awer eppes anescht...
what are you talking about???? 
 Eieiei do muss en oppassen wéi en Fuus. Gutt dass de Mich sain Gretz schon angeschallt hat...d'Fanny an de Max waren nach am Snooze-Modus.

Lo geet et den ganze Wee vum Brian Head (hechst Ski Gebitt an den USA) rem rof an rucki zucki Richtung Vegas Baby!!!! Schliesslech brauch d'Fanny nach en Michael Kors Portemonnaie zu sengem Gléck, dem Max ginn d'Calçon'en aus, an de Mich wëll sech na emol op d'Sich no Jeans'en ouni Héichwaasser maachen...an natirlech den onsäglechen Nike-Store: Nike Klappe die Vierte! Schliesslech sinn ons Reductiouns-Päss lo gülteg!!!!woooohoooo!!!!!!

Während der Talabfahrt kréien mer endlech rem besser Loft, allerdengs musse mer all 2 Minuten ons Oueren déblokéiren...d'Musek gëtt och rem ugeschmass. Iergendwéi musse mer erwechen ouni Kaffi an Séisses...
An dann heescht et die Bordküche ist eröffnet, den éischten Service vum Dag geet lass: 
La tablette de chocolot noisettes sur son lit de gâteau trempé de son beurre à l'américaine... E Genoss fir all Gaumen... Allerdengs ass de Kapitän onzefridden mam Service an wëll e Rapport schreiwen... Freet sech just un wen??? Et geet suguer sou weit dass de Kapitän d'Fanny wëll offloaden... Jeje et fehlt bessi un Dankbarket an un Wertschätzung vun deser dach enorm wichteger Tätegkeet. De Mich mengt awer dass d'Ausgesinn dat wichtegst ass, dofir begnadegt hien d'Bordpersonal an d'Fanny dierf bleiwen...
De Mich fënnt dass de Max de Service vill besser gema huet hien seet:"Ech wëll de Max fir an hannen hunn!" Ok....???

Den Wee um Interstate war zimmlech monoton dofir ass d'Fanny rem gutt angeduckelt... Den enzegen  Highlight war eng kurz Streck durch Fiels/Bierg-Landschaften, wou d'Fanny kurz seng Guckelcher opgema huet fir eng Foto.



Eise Wee op Vegas huet eis durch 3 Staaten gefouert:
Arizona > Utah > Nevada. D'Konfusioun wéinst der Auerzait war rem grouss bei de Bollien. De Mich seet wéi emmer:"D'ass Vakanzzzz, du brauchs keng Auer!!!"


An dunn taucht um Horizont Vegas op, wat eng Vue! An mat Vegas déi éischt komesch Gestalten:
Eng big Mama um Steier déi sou deck ass dass knapps na en Fanger zwescht Steierrad an Bauch passt an op kee Fall epps onverhofftes derf gescheien, Clocharden déi mat Steng schéissen...

An dunn waren mer endlech am Outlet an jidderen huet dat kritt wat en wollt. Just Jeans'en fir de Mich gouf et rem keng...
Dono anchecken an den Venetian, Erennerungen vun Venedeg kommen op... Eis Suite ass rieseg!!!! 3 Telé'en, riesen Living an Buedzemmer!




Suguer en egenen Beauty-Salon fir d'Fanny ass dobai!

Eigentlech wollten mer an de Pool, awer leider reent et. Jo dir hudd richteg verstan, et reent zu Las Vegas????

Leider huet onse gudden Tahoe e Bobo an mir musse séier an d'Autoklinik. Eppes mam Uelegstand  stemmt nett... Mir fueren also bei Firestone, nett dass mer op emol eng Panne an der Death Valley hunn, dat fir wier nett ideal... 

Do ukomm soen se dass et 45 Minuten dauert. Also ginn mer nierwendrunn na bessi an eng Mall. De Mich facht rem am Nike-Rayon dran an d'Fanny erweitert sain Beautysalon em puer Neiheten.


De Max ass wéi emmer ganz sérieux an keeft naischt. Schliesslech kennt na San Fransisco, do brauch en en Ass am Ärmel...

Rem beim Firestone ukomm, ginn mer gewuer dass den Deckel vun der Bremsflëssegkeet déi ganzen Zait gefehlt huet.... Oh je do haten mer Chance dass dat rauskomm ass. Dat heescht also séier op de Flughafen bei Alamo en neien Auto sichen... Et klappt alles reibungslos an mir kréien en neien Tahoe, schéin propper awer des Kéier am groen. Leider ouni 4x4, dann gëtt et naischt mat Offroad an der Wüst...


Eise ganze Bordell hunn mir aus dem Auto missen raumen...



Onsen neien Schatz😊...

Ah jo ier mer et vergiessen... De Mich huet haut (nom Max sengem Kapp) dem Fanny sain Kapp zwescht den Setzer vum neien Tahoe angeklemmt. Während d'Fanny d'Kühltruh am neien Auto installéiert, erkund de Mich d'Knäppecher vum neien Auto. An bing bang mat 300 à l'heure klappt de Setz zesummen an dem Funn voll op d'Belz... Genannt den Autosetz-Sandwich...
Während d'Fanny géint Bewosstlosegket unkämpft, ass d'Gelächter bei de Jongen (eh pardon Männer) grouss...Wem sain Kapp muss muer drun glewen?

Mir sinn all auserhengert.... Mir hunn na naischt uerdentleches giess gehat. Mir ginn durch Venedeg an sichen eis eng italienesch Trattoria aus. D'Personal mecht mol wéi wann se italienesch gengen schwätzen, dat geet ons duer fir ons ze entscheden. D'Iessen ass och relativ authentesch an tip top. Och den Dessert schmacht ons.





Virum Iessen war de Mich fir zweet an en Harley Buttek an huet e Rucksak an endlech den erwënschten Breakout shirt ergattert. Hien ass iwerglécklech!


Do ass en dem Mich sain Hellegtum... Hien bied de Rucksak regelrecht un!!! Hallelujahhhhhh...

Venedeg huet vill schick Buttéker ze bidden. Mir schlenderen iwert d'Piazza St. Marco, iwert Kanaler mat den Gondolieri...et ass täuschend echt, suguer den Himmel.






Suguer déi jonk Amerikaner sinn schon ze liddereg fir puer Meter zu Fouss ze goen an huelen léiwer den Rollator... That's America!!!

Zu gudder lescht maachen mir na en Tour durch Downtown LV. All d'Asien vun der ganzer Welt sinn do vereint. Et wees en alt rem nett wou en soll fir d'éscht hin kuken: plakesch Fraen, Chippendales, geckeg Clocharden, Hip-Hop-Dancer, Asi-Famillen, Transen, englesch Chicks déi sech doniewt behuelen, den operstanenen Elvis,....
Wiggle wiggle wiggle...
Asiiiiiiiiiiiiiiiii!!!!!

Englesch chicks..,.
????
???
Op der sich no wat och emmer...
Ganz schéin gelenkesch...
De Max färt em sain wertvollen Rucksak
Shoppingqueeeeen vun Amerika
Showgirls fir Armer
Ok...
Déi schéin al Casiono'en
En Ussie muss emmer sinn...



Zum Schluss vun Downtown huet de Mich den 3. Harley Butték zu Las Vegas opgesicht. No langem Sichen ass hien endlech bei de Brëller, fir an der Nuecht ze fueren, fündeg ginn. Hien ass alt rem iwerglécklech an strahlt wéi en Honigkuchenpferd...

Bal haten mer nach en Harley-Rucksak fir d'Gipsy kaf...

Mir sinn saturéiert vun denen ganzen Andréck an falen doud an d'Bett....
Et war rem e langen Dag!

Have a good night guys!!!! (Fanny)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen