Just en kuerzen Hinweis zum Blog vun geschter. Mir wessen jo all dass den Mich d'Mettel vun der Parodie bis zum Äussersten ausreizt. Fir deen een am positiven Senn, fir déi aaner manner... Dann muss een net méi op all Punkt vun geschter angoen ;).
Den Moien waren mir all bessen midd an lazy an mir houngen nach an den Seeler beziehungsweis op den Hotelsbetter. Den Mich huet wuel rem besser geschloof déi lescht Nuecht... en sot mol naischt den Moien. Deen een Scharcher, den Max, huet awer des Nuecht deen aaneren Scharcher, Mich, héiren. Mee och des Elefantenherden konnten iwwerwonnen gin Richtung Land der Träume. Trotzdem war den Schlof méi schwiereg well dem Max sain Guckelchen nach wéigedoen huet.
Wéi gesoot, lues an lues sin mir zoueiskomm. Jiddfereen huet seng Moieswäsch gemaach an mir hun eis bessen ausgetosch waat haut sou um Programm wier.
Dobai as folgenden Dialog entstaanen:
Mich: "haut sin lauter kleng Laken ennerwee..."
Fanny:wéi.....?"
Max:"Séien"
Fanny:" aaah, ech haat gemengt Laken déi doremmer treppelen..."
Déi 2 Männer leien gemittlech um Bett...do kennt d'Fanny beemol aus dem Buedzemmer an et seet sain T-shirt wier him an d'Toilett gefall. Plumps...upppsss. Oooohhhh...Lo muss d'Fanny een aaneren T-Shirt undoen. Op deen lo nach zum Rescht vum Outfit passt?hmmm...
Wéi all Moien as daat aalt, lo woodlecht, Eis-Waasser aus den Coolboxen befreit gin an neit Eis angefellt gin fir eist Gedrenks an Gefrupps während dem Daach kaal ze haalen. Dobai koum et zu deser Photo...Fannt dir och dass daat ausgelaafen Waasser wéi eng Kreatur ausgesait...Huet daat eng Bedeitung? Well sie eis Cola an Spritebechsen?
Mir wollten eis haut keen Hotelsfrühstück méi undoen an hun dofir op Tripadvisor dat bescht Breakfast/Brunchlocal rausgesicht. Leider war dat haut zou...An elo?...Hmmm. Den Grill vun geschter Owend war nach zou. Déi eenzech Alternative war den Totem Café. Desen kruuten mir geschter vun der Rezeptionnist aus eisem Hotel als bescht Lokal vun Lone Pine ungeroden. Mee daat war bestemmt nemmen well hatt der Serveuse aus dem Totem seng Duechter war.
Desen Indianerimbiss huet op den éischten Androck en bessen en schappegen Androck gemaach. Aus Mangel un Alternativen sin mir dunn awer heibliwwen an kruuten firtéischt en "gudden" MinuteMaidjus zervéiert. Mir hun no engem gewessen Zögeren eist Iessen bestallt. An dunn hun mir gewaard, an gewaard an gewaard....et as naischt komm an et as naischt komm. D'Sonnenstrahlen hun eis gehollef den Stepps ze bewonneren deen sech wéi en Schleier iwwerall dropgeluecht huet. Op den Holzenwänn hun sech Leit veréiwegt an den 1940er Joren. Hoffentlech as den Stepps net nach vun deemols...Op eng gewess Art an Weis huet dest Lokal och Charme, deen awer wuel éischter Owes zum Ausdrock kennt. Op den Mauren hänken och Biller vun Western, déi hei gedréint sin gin.
Dunn kruuten mir nach en bessen eppes ze kucken. Eng Grupp vun ronn 20 Harley-Davidson Rocker (45plus) aus dem Antelope-Chapter huet sech niewt eis breet gemaach. Jiddfereen an Liederkluft och d'Fraen passend zu hieren Männer. Bei deenen herrschen nach méi rau Emgangsformen. Et gouf gejaut an duercheneen gebiirelt, keen Blaat virun den Mond geholl. Daat ganzt Geschéihen huet den Mich rem vum gréissten Harley-Treffen op der Welt dreemen gelooss, wou hien eng Kéier hin well.
Endlech as eist Iessen dunn komm, no iwwert eng halwer Stonn. Dest war war ok, net méi. Mir haaten allen drei Rösti. Dozou en Burger fir den Mich an jeweils zwee Spiggeleer fiert d'Bollien. Dono schnell raus an an den Auto Richtung Mammoth Lakes.
D'Landschaft niewt der Strooss war haut bessen méi monoton, manner spektakulär. Steppe an rem Steppe. Hei hun fréier d'Indianer vun den Shoshonen an Paiuten hiert d'Revéier gehaat. D'Stemmung un Bord war dementsprechend. Och Steppe: roueg eben, bessen melancholesch, manner spektakulär.
Op halwer Streck sin mir duerch eng Uertschaft gefuer, Bishop. Flott hei...Beemol as den Mich an d'Eisen gaang. Déi 2 verdreemten Bollien sin aus den Wolleken gefall. Am Aanwenkel haat den Mich eng Bäckerei gesin wou mächteg Betrieb war. Obwuel mir grad gefrühstückt haaten hun mir en Bleck no bannen gewoot. Eng wonnerbar Bakery, mat allméiglechen knackegen Broutzorten, freschen Sandwichen, Patisserie, Kichelcher an aaneren Séissegkeeten.
Daat hei war wéi eng Fata Morgana an der US-kulinarischer Wüst. Erick Schat Bakery, vun hollänneschen Immigranten gegrennt. Haut an 5ter Generatioun gefouert. Hei waren eis Aan méi grouss wéi eisen Appetit: een ganzen Bananenkuch, Sandwichen, Cookies an Biscottis sin am Kuerf geland. Dozou nach en Cappucinno to go fir d'Männer. Mee daat bescht waren déi freschgepressten Orangenjuer. Woooow. No den ganzen Fakejueen huet een richteg gemierkt wéi d'Vitaminen direkt an d'Zellen vun eisem Kierper gefloss sin. Sou gestärkt konnten mir weiderfueren.
Eng ganz nei Constellation as dunn am Auto ausprobéiert gin. Zu Bishop as den Tigerchen alias Fanny un d'Steier vum Tahoe komm. Daat nodeems hatt haut schon e puermol gefroot haat. Endlech as et och erhéiert gin.
Mam Steier an den Hänn as d'Fanny richteg king ginn. "Et as easy-peasy daat hei".
Et stellt och schon nei Regelen op.
"Ech sin den Chef hei!!!" seet et mat engem breeden Laachen op den Leppsen. "Den Max as Stewardess an den Mich Co-Pilot."
Den Mich seufzt:" Du kanns keng Fra un d'Steier loossen"...
Den Max huet probéiert nei Klienten fir dem Fanny sain Beauty Salon ze fannen, deen bis elo just eng Cliente huet. Mee et weist keen Interessi un där Offerte.
Den Mich soot nach d'Fanny soll mol eng Kéier richteg op den Gas drecken. Dem Fanny sain Kommentar dono: " et as net dass een d'Gefill huet et wier uaaahhaah"...Postwendend huet den Mich seng Lieblingsspillsaach an Schutz geholl: "D'Geraisch vum V8 Motor as dach gail...."
Mir cruisen wéi en Hurricane mam Fanny um Steier duerch d'Prärie.
Kuerzen Stop um Lake Crowley.
Dono haat den Mich es genuch an hien huet sech rem selwer un d'Steier gesaat. D'Fanny as dofir no hannen an den Beautysalon versaat gin, den Max war hei och den falschen Mann.
No kuerzer Streck sin mir zu Mammoth Lakes unkomm. Des Skiuertschaft as och am Summer ganz flott. D'Temperaturen sin ganz angenehm: 23 Grad, bloen Himmel. D'Architektur vun den Gebeier passt sech wonnerbar un d'Natur un. Laanscht Stroossen Bescher voller Kieferbeem mat riesegen Zapfen. Hei gett et Bieren an och rem Chipmunks.
Am Hotel hun mir eis en Upgrade organiséiert sou dass lo eis Koppel an den Max een Bedroom jiddfereen fir sech huet. Dozou eng vollequipéiert Kichen, en Salon an zwee Buedzemmer. En Top-Hotel, mat engem lockegen Réceptionnist deen eis erklärt dass een och um Pool kann selwer grillen. So daat net den Tigeren....do ginn Juegdinstinstinker erwecht. Sur place gouf nach decidéiert anplaaz an en Resto ze goen haut den Owend ze grillen. Spéider méi dozou...
Dono schnell rem an den Auto fir déi wonnerbar Séien em Mammoth ze erkundschaften. D'Twin Lakes hun eis am beschten gefall. Super schéin an idyllesch...
D'Fanny kruut dunn Loscht en bessen op engem Paerd duerch des wonnerbar Landschaft ze reiden. En richtegt Mannsweib huet d'Fanny duerch den Froobou gepeitscht. Do gouf et naischt ze radetten. Sie wollt alles vum Fanny wessen, trotzdem war sain Reithelm dono vill ze kleng. Eist Tigermädechen huet ausgesin wéi déi schéin Schwester vum Super Champignon bekannt aus dem Super Mario Spill ;).
Den Männer as den Angschtschwees hannen am Reck grad gedrechent dass sie net hun missen mat reiden. Mee sie haaten jo och eng gudd Excuse: Fleesch organiséiren. Puuuuuuhhhh. Eng Stonn sollt dem Fanny sain Tour daueren. Top Chrono...D'Männer hun sech also rem an den Auto geschwongen an sin downtown gefuer schnuerstracks an den beschten Biobuttek vun Mammoth. No enger klenger Wainprouf mam Boris Becker sengem amerikaneschen Cousin as den Männer hieren Instinkt rem aktivéiert gin. Sie hun just nach mam Fanger op den grass-feeded Filet Mignon konnten weisen. Dozou koum nach en frescht Brout mat Miersalz, en klengen Dessert mat Chocolat an en fruchtegen waissen Wain, Poet's Leap aus dem Columbia Valley.
Ab an den Supermarché. VONS, 4 Buchstawen déi fir Qualitéit stinn...deen beschten Supermarché deen den Mich an Amerika gesin huet...Am Fleeschrayon wessen d'Männer net wou sie sollen firtéischt kucken. Wow: quality meets quantity :). Den Choix fellt rem op Beef. Bessen Chicken. Geméis gett och nach en bessen matgeholl.
Den Chrono leeft...Pünktlech sin d'Männer rem bei der Ranch unkomm. D'Fanny huet schon gewaart an am Besch Chipmunks gezielt. Direkt huet hatt erzielt vun sengem flotten Ausfluch rop an d'Bierger. Mat senger Guide huet d'Fanny Réih vun ganz no gesin an en wonnerbaren Panoramableck konnten genéissen.
D'Männer waren frou fir d'Fanny awer genausou frou dass sie net hun missen matreiden: biergop an biergof op engem Paerd...onvierstellbar fir eis Jongen.
Dono as et an den Hotel gaang wou mir eis schnell fir den Pool prett gemaach hun. En groussen an beheiztenen Pool. Hei hun d'Jongen rem mam Wilson gespillt an d'Fanny huet sech op seng Loftmatratze getesselt fir déi lescht Sonnenstrahlen ze genéissen. Den Max soot dem Mich nach..."maach keng Ultrabäll haut"...
Ze spait...den Mich huet mat aller Kraaft den Wilson ofgeschoss, desen titscht eng Kéier um Waasser op, dono widdert d'Glänner an vun do aus direkt op d'Zéiwen vun engem amerikanischen Grandfather...okkk. D'Jongen hun schnell Sorry gesoot an sech an den Jacuzzi verdreckt wou sie sech den Reck vun den Drüsen hun masséiren loossen.
Nom Pool hun d'Jongen nach en Ping Pongsdesch fonnt deen dunn och direkt ausprobéiert gouf. Am Ufank sin d'Bäll nach reihenweis iwwert den Desch geflunn anpkaaz drop. Een Ball as suguer 10 Meter héisch op en Daach geflunn. No an no as et besser gin: den Max huet sain gefaarten chineseschen Dréihopschlaach ausgepaak an den Mich huet och mol en Smash op d'Deschplatt getraff.
Dono hun nach d'Bollien géint eneen gespillt an den Ball as op guddem Niveau hin an hier gaang. Et koumen Erennerungen op un legendär Ping Pongs Partien am Keller.
Géint 8 Auer sin mir dun hongreg gin. Den Max haat schon präventiv d'Geméis gebotzt an geschnibbelt.
Directioun Pool wou zwee WeberGrillen parat stoungen. Nodeems d'Gasfläsch ausgetauscht gin as konnten d'Männer endkech lassleen. Den Max huet mat der Iphonetäschenluucht dem Mich gehollef sou dass deen wéi doheem um Grill werkelen konnt. Bei 350 Grad sin firtéischt Spargelen, Paprika an Champignons an der Alupaan ungebroden gin. Dono koum den Optrett vun eisem grass-feeded beef. Den Star vum Owend. Mmmh wat daat gericht huet. Zum Schluss nach eng Chilimeschung op d'Flesch, delicious...
An där Zait huet d'Fanny den Desch am Zemmersalon gedeckt. Wéi doheem hun mir eis beim Dinner gefillt. Daat huet gudd gedoen no denen villen Restoen an leschter Zait. Mmmmmh mir hun nemmen nach eist Iessen genoss an mam eiskaalen Wain op eis ungestouss.
Dono huet sech jiddfereen op sain Zemmer zreckgezunn an gudd Nuecht gesoot (Max).




























Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen