Nodeems den max jo anscheinend en tommel haat wollt ech namol kloerstellen dass daat decke kaabes war!
An Fanny effektiv zimlech vill Zait am Beautysalon verbrengt... Mee dofir weinstens eng gefestegt Stammclientèle do... Hatt selwer!
Ech well zu desem Uloos awer och nach soen dass d'Fanny en super job hannen an der kabine mescht... Et as wei iwwerall... Dei Aarbeschten mussen och gema gin an keen seet der merci!
Mee den max an ech sin net sou:
"Merci Fanny, dass du daat emmer sou gudd fir eis gemeet hues, mer sin der och ganze villen dankbar"
Sou!
Lo zu wichtegen Saachen...
Haut also um 08:30 huet de Mich d'Aen opgema... Nodeems en eng Nuecht voller Emotiounen haat... laachen... Kraischen... Granzen... Hochjaulend... Traureg... Frou... Aggressive... Verzweifelt...
Den Max huet kuerz Zait dono och d'Aen opgema, an war sech guer net bewosst dass heen un sech an der Nuecht sain 2. gebuertsdaag gefeiert huet...
Heen as den Kessen aus dem Venezien an dem Doud sou just vun der Kant gesprongen...
Den Mich war kuerz virdrun heen mam super luxuriösen, Daunengefellten, mat Kotteng iwwerzunenen Kessen ze ERSTECKEN!!!
Sou huet heen geschnaarcht!!
Um Reck leiend, geschnaarcht an gleichzaiteg schnappootmend geraischer gemaach wei eng meschung tescht engem Seeleiw op Chrystal Meth an engem ugeschossenen Weldschwain!
Den Mich huet staenneg gepaff an probeiert den Max mat engem grellen Handyliicht wakreg ze man... Daat eenzegt waat waakreg gin as... As eis Beautyqueen, waat iwregens och an der Nuecht gudd ausgeseit, suguer am Daischtren, just eng gewessen Frendlechkeet huet d'Fanny vermessen gelos.
No laangem Berouegen an Entschellegen as d'Fanny dun rem ageschlof an den Mich huet weider den Feind missen bekämpfen...... Aleng un der Front!!
Heen wousst sech keen aneren Root wei mat Kessen op den schlafenden Feind ze scheissen... Mee daat war wei am Vietnam wou Amerikaner geint en Feind gekaempft hun dei si net konnten gesin...
Desen Kampf war also net gewannen...
Soumad huet den Mich keng aner Leisung gehaat wei sech vun der Front zreckzezeihen an as sech an sain Schützengraben verstoppen ze goen......d'Toilette!!
No gefillter Eiwegkeet as dun Rouh agetraff an mer konnten eis friedlech schliesslech...
Bon zreck zum Opstoen!
Fanny war haut super schnell faerdeg an pret fir fort... Waat den Mich gewonnert huet, heen huet sech gefroot wisou daat beemol an der Vakanz sou schnell geet an doheem net...
D'Äntwert vun deser Fro as dass d'Fanny all daag 4-6 Stonnen am Auto huet fir sech faerdeg ze man!!
Alles agepaak, beim Italiener nach en gudden Croissant an Petit Pain au Chocolat, an puer Petits Fours'en kaaf an lass geet et Richtung nordwesten an Death Valley!
Knapps aus Las Vegas raus, seet d'Fanny: sou d'Bordkichen as eröffnet an serveiert eis mat voller Leift an Opmierksamkeet eist Iessen... Zesummen mam Café deen de Maxwell eis nach siche gangen war... Waat eng gudd Kombi!
(Netzt jo awer de Leit ze soen dass een en Rapport waert man, wann et der Frendlechkeet an der Effikassiteit vum Personal dingt)
Dono Bierg op... Bierg roof... An zakk an dei eischt rieseg Schauer... Virun eis 2 Touristen op gelounten Harley'en... Mega rauh... Der Idioten!!
Sou schnell kann et goen...
Virun der Schauer waren si gefillt dei coolst an der Death Valley... Nodeems den Himmel dun iwwert hinnen agebrach as... Waren si nemmen nach 2 begossen Puddelen an enger Liederskombinaison!
Dun as et Zait gin fir dass de Mich den Max an d'Welt vun der Meteorologie anwaist... Heen erklärt wei Schaueren fonktioneiren...mat Zeechnungen suguer dei heen waehrend dem Fueren mecht...
Den Max setzt do wei bei der Anweisung an d'Welt vun der moderner Technik... Mat openem Mond a groussen Aen!!
D'Fanny blärt heinsdo vereenzelt Kommentarer aus dem Beautysalon no fier... "An der Geo an der Schoul hun mer awer geleiert dass........"
(Bordkichen war mettlerweil zou... Ziedel an der Fenster... BACK IN 30 MINUTES)
No puer Minuten huet et vergiess well et wollt soen, well et zevill domad beschaeftegt war... Dei nei creme opzedroen an den Auto an en rullenden Sephora ze verwandelen!
Dono as et nach puer mol Bierg op an roof gangen... Temperaturen enmer schwankend tescht 33 Grad an 39 Grad... Altitude vun 85 m ennert dem Mieresspigel bis 2000m an den Bierger.
Dun an der Death Valley ukomm sin mer 1 Stonn Auto gefuer ouni eng Menschenseil ze gesin... Bis den Mich urplötzlech eng Vollbremsung huet missen man an d'Killtruh vun hannen geflunn komm as...
Weinst engem Wüstencoyote... Deen direkt op der Stroos stung an ganz schwiereg ze erkennen war weinst sengem Pelz.
Schnell huet sech erausgestallt dass heen net aleng op der Rees war mee en Familienausfluch gema huet, d'Fraa an dei zwee Kanner waren och dobei...
"Waat maachen dei dann hei?" Freet d'Fanny.
Den Mich haat natierlech promt eng Äntwert: "ma si waren den weekend op Las Vegas bessi zocken an lo sin se rem ennerwee fir heem op San Francisco"
Kappreselen hannen am Beautysalon.
Dun no kuerzem Fachsimpelen iwwert Coyoten, an wei een hinnen am beschten keint Wasser ze drenken gin, as et weider gang ennert dem Mieresspigel... Bis un den deifsten Punkt aus Nordamerika... Den Badwater Basin!
Am Liewen muss een net nemmen huelen mee och heinsdo eppes gin, denkt sech de Mich!
Dun weider Richtung Visitor Center... Wou mer wellen op Toilette goen...männer gin zesumen well nemmen sou kennen si allen zwee aus der Toilette raus ouni Dier mussen unzepaaken... Mat effikassem Teamwork geet daat...
Den Mich mat engem Fouss an der Klensch henkend an zeihend... Waehrend deen de Max mat schaarfer Präzisioun an Schnellegkeet den Fouss an d'Dierspalt stecht!
Zakk raus ouni Haenn knashteg ze kreien...
Un sech en immensen Ofwand deen net neideg waer well d'Beauty-Shoppingqueen jo souwisou alles dobei huet fir ze desinfizeiren...handgel...handtüchelcher...an dono natierlech dei passend crème dass d'Hänn net dreschen gin!
Vun do aus sin mer also weider Richtung Lone Pine gefuer... Eis Destinatioun fir haut den Owend...
Un engem Parking lanscht vun wou aus een op Sanddünen kann spazeiren goen...ween nach net soss genuch mat der Hetzt an der Sonn ze kämpfen huet, kann sech hei de leschten Stouss gin!
Och mer mussen hei stoen bleiwen fir Souvenirsfotoen ze man...
Op der Dune ukomm seet d'Fanny:
"Kuck... Dei Dunen sin aus Gold!"
Den Mich an Max mengen se wessen dass domad daat gellend Schimmern an Glänzen vun der Dune gemengt war.
Mee d'Fanny war net vun sengen Golddünen oofzebrengen, hatt wollt Beweiser!
Den Mich huet him dun ganz sachlech an an enger berouegender Stemm erklaert dass wann dest Golddünen wären, dass d'Fanny dann weg soll sain Koffer mat 23 kg fellen an sain och, inklusiv Handgepäck!!
Den Max as fortgelaaf ier heen sain Koffer och muss opferen!!
Doropshin hun mer eis rem weider op Streck gemach... Bis op eemol aus heiterem Himmel 2 Kampfjeten iwert den Bierg geschoss komm sin an roof an den Dall... Kuerz op Video fest gehaal mee den Mich war no 30 minuten nach emmer kaum ze berouegen!
Waat een Erliefnis!
Sou eppes geseit een normalerweis nie an sengem Liewen!
Hei parken d'Leit wou se wellen fir Natur ze kucken... Waat een Spektakel... Jiddereen huet Verstees-de-mech...
Just d'Fanny blärt aus dem Beautysalon:
"Di Idioten am Camper!!!!"
Den Mich dorobs schockeiert:
" Schnucki du bas....."
An huet den Saatz mol net konnten faerdeg schwetzen dun hat d'Fanny d'Ergänzung schon parat:
"Süss, schein, intelligent, leif"
Dem Max an Mich fehlen d'Wierder...
Just ier mer ennen am Dall ukomm sin... As d'Fanny dun ganz aktiv gin... An hat Nohuelbedarf vun sengem Salon-gespreich vum ganzen Daag...
"D'freet een sech just wou dei ominös Keih bliwen sin!" (Uspillung op d'Scheld vun virun 20 Minuten)
Den Max an den Mich versichen rem d'Fanny weinst den Keih ze berouegen an sichen verzweifelt no Erklärungen wou dei Keih dann keinten verbliwen sin... Mee all Erklärung gett eiskaal niddergeschmettert mat engem Geijenargument.
Beemol huet sech am Camp Fanny Beautysalon eng gewessen Onzefriddenheet bemierkbar gemaach:
" hun ech haut iwerhaapt eppes Guddes gema? Oder war ech haut just eng Amöb di hannendran sutz?"
D'Männer woussten keng Äntwert...:)
Dun am Bestwestern angecheckt, Schwammbox ugedoen, den Wilson enmert den Aarm, Matrasse opgeblosen an Poolcrasher gespillt... Bis jiddereen gaangen as...
Ausser den Darth Vader!! Deen war knallhaart mee heen war och aus Star Wars!!
Den Max haat wuel desen Daag net genuch Opmierksamkeet krit an huet gemengt ze simuleiren dass de Mich sain Aa futti gemaach haat, respektiv eng Wimper gebrach war an no bannen an d'Augenlied gediebelt war!
Nichtsahnend huet den Mich heen dun einfach gezappt fir dass en seng Peng an sain Leed weinstens fir dei 20 Sekonnen vergesst!
Dono an Zemmer... Jiddereen duschen... An um Bett kuerz relaxt...
All Bett haat zwee kessen an eng grouss Rull fir Geneck...
Den eenzegen Kommentar vum Max zu sengem Gleck as:
"Eyyyy eng gudd Mettwurscht am Geneck!!!"
"Wanns du daat sees" aentwert den Mich mat groussen Fragezeechen an den Aen!
"Sou ech sin faerdeg" seet d'Fanny
An leisst seng ganz Trousse an domad sain ganzt Vermögen vum Salon faalen, woubai alles um Buedem verstreet as.
"T'schengt es net" grinst de max!
"Ohneeee main Puder!!!!!!!" Blaert d'Fanny wei wann eisen Grand-Duc vun engem daitschen Panzer iwerrannt gin waer.
"Wei een Archeolog sammelt et d'Stecker zesummen" den Max leeft zur Hochforme op!!
Dono Burger an Dierfchen iessen an heem an bett :)



















Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen