Sonntag, 7. September 2014

Duerch den deep Wild West bis iwwert d'Wolleken

Ech wollt kuerz kloerstellen dass 95% vun deem waat den Mich iwwer den Max geschriwwen huet a) iwwerdriwwen war, b) erfonnt war, c) dem Mich seng Taten méi positiv oder manner schlemm erschengen gelooss hun. ;).

Den Max war zwar duerchaus impressionéiert vun deem decken Auto. Mee nichtdestotrotz huet den Maxwell daat schloofend Ehepärchen secher un d' Destination bruecht.

An deen Ball deen den Max op den Kapp kruut koum onerwaart an deem Moment wou hien wollt aus der Pool klammen. An voll op d'Ouerläppchen, wou wéi mer wessen hannendrun den Gleichgewiichtssenn setzt. Daat erklärt dem Max sain Tommel, d'Sonn an d'Middegkeet hun natirlech och net gehollef...

Sou lo zum Blog vun haut :)...

Nodeems mir geschter mol rem eng Kéier eppes anescht giess hun wéi Burger, Waffel oder Steak an Fritten hun mir gudd geschlof. Eis Kierper hun den Thai Food regelrecht rangesaugt. Den Besoin no Geméis, aaneren Geschmäcker an Gewürzer war spierbar. Do konnten mir dono zefridden anschlofen.

Den Mich haat just irgendwéi den géien Duuscht an der Nuecht an konsequenterweis dun och d'Pinkelitis. All Stonn as hien rem op der Toiltett geland fir Waasser ze loossen. Den Moien war eis ganz Reserve un Waasser, Cola eidel an um Buedem. Niewt dem Mich sengem Bett war den "Friedhof der Plastikflaschen".

Haut den Moien war den Breakfast rem am Prais vun der Kummer mat dran. Wat eng Chance oder och net...Mat Bleck op d'Lobby maachen mir eis un den Buffet. Deen huet schon richteg abgekämpft ausgesin. D'Auswiel war typesch amerikanesch: knetschegt Sauerdeegbrout, Haferbrai, Waffelen, ondefinéierbar Wurschttranchen, Kellog's an gezockerten Jus.




D'Waafelen sin ganz an der Reih, dofir huet den Mich och d'Waffeleisenfront reservéiert. 


Nach schnell Kaazenwäsch maachen...


Dono schnell optanken an alt erem an den Walmart eis Iessensvierréit opfellen.

Dono goung et rem an den Auto Richtung Bryce Canyon. 400 Kilometer am Ganzen bis op eis final Destination, Brian Head. Den Mich as haut rem um Steier vun senger Lieblingsspillsaach, den Max Co-Pilot an d'Fanny hannen dran.

Kuerz no Abfahrt konnt dunn och rem den Beauty Salon hannen riets am Auto eröffnen: Puder, Deo, Abdecksteft, Bebe-Fiichtegkeetscreme. Fir alles as gesuergt an alles koum an den Ansaaz. Vun Zait zu Zait hun Doftwolleken hieren Wee no firbei d'Männer fonnt. Déi 2 an der Kabine konnten sech dunn rem opreegen. By the way...den Salon as emmer op sou laang den Auto fiert. natirlech huet d'Fanny och aus der Fenster gekuckt.




Et sin och rem e puer Autodancemoves dobai komm, den Achseldréiner, den Unicorn, den Hirsch an den Shark, wéi och den Luca Toni-Handdréiner. Bei "I have a dream" as och den Horizont an den Jazztrompéiter rem zum Ansaatz komm. House an Electro-Beats hun den Buttek sou richteg fetzen gelooss sou dass een gemengt huet eng fahrend Discokugel wier ennerwee.

den Unicorn


Och gesongen as haut rem gin an zwar déi aal amerikanesch Klassiker. "Sweeet home alabaaama" hun déi drai gesongen...Bei méi rockegen ZZTop an AC DC Lidder sin d'Mähnen no vir an nohannen gaang an eis Männer hun richteg matgerockt. Virun allem dem Max seng Locken sin hierem Numm gerecht sin. Boorn to be wiiilld huet richteg gepasst...

Den Service aus der Bordkichen huet haut och rem excellent geklappt. D'Fanny wirbelt wéi en Profi tescht Iessens-an Gedrenkscoolbox. Waasser, Eis, Kichelcher, Chips...waat d'Jongen sech och wenschen gett no fir an d'Kabine gereecht. An där Zait muss den Beauty Salon awer zou maachen.

en bessen Eis fir an der Becher wann ech glifft...

Um Wee fir an den Bryce Canyon passéiren mir an engem Duerf waat flott ausgeséit, Kanab. Hei sin mir am déiwsten Wild West. Iwwerall Hinweiser op Square Dance, Saloons an eng ganz Reih un Shops wou all Indianer an Cowboy glecklech gett. An esou een sin mir och dunn rangaang. Vum Cowboyshutt iwert richteg Gewierer, Liederstiwwelen bis zu Indianerfiederen an Schmuck...





Hei huet och jiddfereen en Cowboyshutt ungemooss ;). Den Mich huet hei och en Liedersrimm fonnt op deen hien ganz stolz as.

Mam Cowboyhut um Kapp spiert d'Fanny den Squaredance duerch sain Kierper fléissen





Am nächsten Duerf hun mir din un eng daitsch Bäckerei entdeckt, Forscher mam Numm. Nom ganzen Mampfen, Nampfen an Geknetschs kruuten eis Zänn auch mol rem eppes ze schaffen. Mir hun hei Sandwichen giess mat eng richteger Krust. Krack, krack as et gaang. Eiiii en gudd e gudd Gefill seng Zänn rem ze spieren.



D'Landschaft as emmer méi greng gin, Fless déi sech duerch d'Wisen geschlengelt hun an emmer méi Beem. Kéi hun an den Wisen gegrast. 



Endlech sin mir am Bryce Canyon Park unkomm. Och hei huet sech nees gelount dass mir en Pass fir déi ganz Nationalparken geholl hun. Sou hun mir net missen onnéideg laang unstoen. 
An lass as et gaang, een Viewpoint nom aaneren war eisen.....Eng impressionant Kuliss huet sech eis gebueden. Ganz bizarr Fielskonstruktionen, sougenannt Hoodoos, hun sech an den Himmel geschrauwt. Roud, Orange, waiss, lila hun sie je no Luucht an Bleckwenkel geschimmert. Richteg schéin. Och d'Wieder huet rem matgespillt an d'Sonn as duerch d'Wolleken komm. 



Een knallroud verbrannten Ami huet eis gefroot op hien eng Photo vun eis maachen soll. Mee den Mich huet hien knallhaart ofbletzten gelooss. Wann mer schon hei wieren gengen mir och en Selfie vun eis maachen...In the face...



D'Fanny an den Mich hun och rem e puer Chipmunks gesin déi op den Fielsen gelaaf sin. Daat sin ganz léif Déiercher, eng Meschung aus Maus an Kaweechelcher, mat enger waisser Straif um Reck an engem klengem Schwänzchen. D'Fanny an den Mich haaten haut iwwerhaapt den Déiren-Scannerbleck opgeluecht. Sou konnten mir eng Reih vun Déiren gesin: Pronghorns (wéiss-beige gestréiften Springboks), vill Réih och där Klenger, Hirschen an wéi gesoot Chipmunks awer och....

an der Mett: en Pronghorn, riets Chipmunk




Well et rem ungefaang huet mat reenen hun mir den Sunset-Viewpoint ausgelooss. Verständlech oder net :)? Mir hun eis also op den Wee op Brian Head gemaach. Eng gudd Stonn am Auto war nach virun eis. Awer déi war besonnesch flott. D'Wieder huet dauernd tescht Sonn an Reen gewiesselt. Mir hun doduerch e puer wonnerschéin Reenbéi gesin.



Well den Navi net matgespillt huet, hun d'Männer (lo net méi Jongen) mat der Kaart den Wee missen sichen. Mee keen Problem fir eis Tigeren...Mir sin nach duerch en Duerf gefuer sin mat flottem South-Westflair, Panguitch.



Dono as d'Strooss baal nemmen nach Biergop gaang. Schon no kuerzer Zait huet sech eng Landschaft opgedoen dass mir aus dem Schwärmen net méi rauskomm sin: greng Wisen an Hiwwelen dass en gemengt huet et wier een an Schottland, vereenzelt Farmen an Holzchalets. Dotescht hun mir Réih gesin an sin kuerz bei engem Bächelchen stoenbliwwen. Idyllesch. An mir waren baal déi ganz Zait ganz alleng op der Strooss.




Op halwer Streck sin mir op en Séi getraff. Den Panguitch Lake. Wonnerschéin an onerwaart...D'Fanny wollt onbedengt eng Foto mat den gielen Blummen drop an och eng wou et um Steen setzt. Den Max wollt dat selwecht och :). Den Mich huet rem missen Photograph spillen...




Mir hun nach en zweeten Stop beim Séi gemaach, wou den Mich eis bis un d'Ufer geféiert huet. Hien haat dobai kuerz Angscht an den Kiselsteng hänkenzebleiwen :). Mir hun dono en wonnerbaren Moment beim Séi verbruecht. Waat eng Rouh, sou erhuelsam...just e puer Booter an e puer Angler um Ufer. D'Wolleken hun sech am Waasser gespiggelt an mir hun et genoss.





Et as nach emmer weider Biergop gaang an no an no hun sech Birken tescht Dännenbeem gemescht. Emmer rem haaten mir wonnerbar Vuen erof op en Mier vun Beem. Dun sin mir bei iwwer 3000 Meter, zu Brian Head unkomm. Sou héisch waren mir wuel nach nie. Mir sin haut bei 1200 Höhenmeter zu Page gestart. Mir mierken relativ schnell dass d'Loft heiuewen méi denn as an mir Problemer hun mat der Otmung. Temperaturen sin méi fresch heiuewen, 16 Grad wou mir unkomm sin.

Ausbleck aus eiser Hotelskummer

Op der Stroos hun mir firtéischt mol Kéih begéint. Déi hun geschengt sech hei wuel zefillen an sie hun sech en Spaass gemaach d'Verkéiersschelder emzegeheien. Den Mich as dem nach excitéierten Bullen léiwer aus dem Wee angaang an as en groussen Bou duerch d'mell Scheller gefuer.



Irgendwéi wessen mir nie sou richteg wivill Auer grad as. Tescht Arizona, Utah an Nevada gett emmer eng Stonn dobai-oder weggerechnet. Iphone, Navi, Auer iwwerall as eng aaner Zait. Mee egal as jo Vakanzzzz...

Hei as och d'Land vun den Cowboys an hieren Paerd

Am Hotel unkomm hun mir nach eist Zemmer angeweit. Eng flott Kummer an virun allem d'Buedzemmer war mol eng Kéier méi anluedend.
Mir hun decidéiert am Hotel z'iessen. Hei haaten mir den Choix tescht enger Bar, mat flotten Setzgeleenheeten bannen an baussen op der Terrasse (beim oppenen Feier), en puer Descher waren och besaat. Déi aanerer Méiglechkeet war den Steakresto am henneschsten Wenkel vum Hotel. D'Anriichtung war nach aus den 80's an wou mir unkomm sin war keen Desch besaat. An wou sin mir hingaang...genau an den Steakresto :).

Am Laaf vum Owend as nach en zweeten Desch vun den 25 Descher besaat gin. Eis Bedienung war trotzdem iwwerfuerdert. Eis Gromperen waren kaal an d'Spargelen waren ze laang Zait an der Fettdusch sou dass hinnen d'Hoer zu Bierg stoungen. 



D'Serveuse huet sech bestemmt 20 mol dofir enteschellegt. An och um aaneren Desch sin e puer Saachen schief gaang, do huet d'Meedchen genau sou oft Sorry gesoot. Niewt der Serveuse waat wéinst der Léiwt vun San Fransisco an d'Bierger gezun as (ok ;), gouf et nach en Jong deen emmer mam Weenchen doruechter gefuer as. D'Kaap déif an d'Gesicht gezun sou dass hien knapps nach eppes gesin huet. Ennert den Kaap konnt een seng fetteg Hoer erblecken. Sou as hien laanscht d'Maueren vum Hotel geschlendert, den Bleck emmer gesenkt.

Zreck an d'Kummer wou d'Fanny an den Max noeneen nach eng gudd Bidden genoss hun.
Schnipp Schnapp huet een beemol en Geraisch aus der Buedzemmer héiren. Den Mich as amgaang seng Neel ofzeschnibbelen. 

Dunn goung et an d'Bettchen well muer mussen mir fit sin fir zreck op Vegas...(Max)

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen