Am Zemmer vum Hotel Zetta, deen Metten am Zentrum vun SFO as, kommen déi 3 sou lues an lues zou sech. Eis Koppel huet net sou gudd geschlof, bei 1,40m Bettbreed och bessen normal ;). Um 9 Auer tockt et un der Diir:" Housekeeeping!!!". D'Botzfra war schon mat engem Fouss am Zemmer, gudd dass den Mich sou eng energesch Stemm huet...dat selwecht war eis schon zu Vegas am Venetian geschitt.
Op eisem leschten Daach wellen mir nach bessen duerch d'Geschäfter schlenderen. Dem Max sain As am Ärmel as dun an den Ansaaz komm...an dat am Levis store. Hien hat natirlech och gudd Beroder :). D'Fanny an den Mich hun hiet Bescht ginn fir Karohiem, T-Shirt an Jackett un den Mann bzw. Max ze brengen...
Dono sin mir rem Richtung Valenciastreet gedüst... an wou sin mir fir d'Mettegiessen geland? Jo genau...bei eisem Lieblingsitaliener...Farina. Mir sin lo bestemmt fiert 5.t heigewiecht.
Eiii nach eng Kéier richteg gudd Pasta iessen an dobai d'Leit beochachten déi laanschtginn oder fueren.
Mir haaten beim Italiener extra keng Pizza als Entrée geholl well mir nach wollten en Burger am Nometten iessen. Den Max huet suguer beim Garçon vum Farina deem seng Lieblingsburgerrestoen nogefrot. Mir hun eis gesoot en Burger op eisem leschten Daach an Amerika misst nach dran sin...Mee do waren eis Aan rem méi grouss wéi eisen Mo :) an doraus as dunn dono och naischt gin.
Well mir nach Zait haaten sin mir an en flotten Keramikstore gefuer: Heath Ceramics. Hei as nach alles "Made in California". An daat sait 1948. Natirlech sin d'Praisser dann och dementspiechend. Dem Fanny as direkt eng Posch an d'Aan gesprong. An no villem Hin an Hier: Soll ech dann oder awer net...as se dunn schlussendlech dach geholl gin an eng Vase dobai :). Och den Max huet eng Esprossostaass an eng Holzvase kaaf. Bei der Keess hun mir nach mam Vendeur geschwaat. Sain Accent huet hien daitlech als Italiener enttarnt. Hien huet eng Green Card fir Amerika an der Lotterie gewonn. Daat gett et also wierklech :),an hien liewt lo den american dream.
Am ungeschlossenen Coffeeshop gouf et dunn nach verschidden Cafékreatiounen. D'Hipsteren waren hei och rem zahlreich um Rendez-Vous.
No enger gudder Stennchen am Heath-Komplex sin mir nach bessen duerch d'Stad gefuer an mir hun eng lescht Kéier den flotten Flair vun San Fransisco genoss. Um Alamo Square hun mir nach en kuerzen Halt gemaach. Hei stin déi sougenannten "Painted Ladies", déi wuel bekanntesten viktorianesch Haiser zu San Fransisco. En wonnerbaren Ausbleck: déi schéin aal Haiser mat der Skyline am Hannergrond.
Nodeems mir duerch déi ganz Secherheetskontrollen an eis Bagagen op Letzebuerg duerchgeckeckt waren, haaten mir nach bestemmt 4 Stonnen bis zum Fluch. Also hun mir eppes Relaxes gebraucht fir déi Zait ze iwwerbrecken. Dunn as et mol Richtung Business-Lounge vun Air France gaang wou d'Fanny an den Mich jo en Zourecht haaten. Mee lo as et dremms gaangen den Max matranzeschmuggelen :). Fir an den Rucksack war hien dach bessen ze grouss... Also hun rem dem Mich seng Gespraichskenscht zum Ansaaz missen kommen. Op Nofro vun enger Air-France/KLM Membercaard weist hien mol, mat Kalkül hannendrun, seng Pilotenlizenz vun Easy-Jet. "This one ?" seet en nach ganz onschelleg. Do war d'Madame hannert dem Schalter schon hallef em den Fanger geweckelt. Dunn as och eng hondsgewéinlech aaner Kaart mam KLM-Logo drop duergaang dass den Max matranduerf. Haha :). Gefickt eingeschädelt ;).
An hei an der Lounge war et richteg angenehm: en Gratisbuffet mat franséicher Baguette an freschen Ju'en, konfortabel Couchen fir drop ze lümmelen an virun allem Rou. Keng 4 Stonnen am Tobuwahobu am Terminal mat kraischenden Kanner, nörgelden Passagéier an all aaner Kaméidi an dobai och emmer en Bleck op all Rucksaak mussen ze hun. Sou as d'Zait schnell an der Lounge riwwergaang: souzesoen wéi am Fluch vergaangen (; daat Wuertspill war awer lo gudd).
Dono hun sech d'Weer rem getrennt. Eis Koppel huet am Fliiger an der Business Plaz geholl an den Max an der Holzklass. Des Boieng war wirklech enk an schmuel des Kéier, virun allem mat enger Stewardess déi net duerch den Gang gepasst huet. Gott sei Dank konnt den Max schloofen sou as Zait relativ schnell riwwergaangen. An der Business sin d'Fanny an den Mich kulinarisch richteg verwinnt gin an sie konnten sech och ganz an d'Horizontal leen an sie hun gudd geschlof. Eiiii....
Good bye America, et war schéin. See you :).














Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen