Freitag, 5. September 2014

De Max as K.O.

Pünktlech 6 Auer as de Wecker gangen no enger kuerzer Nuecht wou de Max geschnaarcht huet wei en Warzenschwain, Fanny sech wei en Poulet um Grill sech staenneg vun lenks no riets gedreint huet an de Mich nervös war wei en klengt Kaweichelchen!

Opstoen!!! Mer wellen den Sonnenopgang kucken...



Den debilen Letzeboier iwert eis deen schon domm lallt " muss de waarden bis d'Sonn raus as " 
ier d' Sonn am Utah iwert dem Horizont as an ier den Max sangen kann... Flow witz ze horizont...

De Mich imiteiert heen


Ahhhh there it is...


Waat en Naturwonner dei Rouh an een Sonnenopgang...

Sou lo geet et Richtung Page un den Lake Powell wou mer eventuell dono en Bootstour wellen man mee virun allem den Horseshoe Bend an den Antelope Canyon welle kucken goen...

De klengen Fuus as imens begeeschtert natierlech sou frei moies opzestoen...an daat fir e sonnenopgang... 
Leider keen shopping...

Nodeems de max an de mich eng gefillten eiwegkeet gewaard hun an pret sin fir fort... Heescht et just na :
"Man mer na schnell eng tretz!"

Beim auto ukomm entdeckt eist Fanny eng kleng Eidechs an muss se natierlech direkt upaaken! 


Et seet: "ech hun rem alles an d'Hänn geholl". Wéi war daat lo gemengt...:)?

Den Mich fillt sech dem Tahoe sou no wéi nach nie. Do entweckelt sech eng richteg Symbiose... Den Vierradantrieb as zwar rem aus an den Auto as nach voller Sand an Stebs vum Ausfluch geschter, mee d'Léiwt tescht dem Mich an sengem Tahoe gett emmer méi grouss...

Un Bord genéissen mir déi nach eidel Strooss. Keen Auto an och nach keen Indianer an Siicht. D'Sonn schengt iwwer Bierg an Dall. Waat en flotten Daag. Iwwerall sin Paerd niewt der Strooss.


Kayenta,d'Stad vun den Mustangs. Mir fannen dass des Indianerstaat eng traureg Impressioun mecht. D'Haiser sin rofkomm, och d'Leit strahlen eng gewessen Trauregkeet aus.  
Hei gin mer kuerz Klengegkeeten akaafen an en indianeschen Supermarché.


De Max setzt am Auto an philosopheiert waat heen an den Bleck vun den Indianer interpreteiert...

15 Meilen as dem Fanny seng Reaktiounszait fir rauszefannen dass mir net getankt hun.

Iwwerall sin Schelder niewt der Strooss "Soft Shoulders". D'Fanny huet gemengt dat wier well do Leit mat mellen Schelleren liewen. 

D'Fanny huet nach d'Ennen vum Burger geschter um Mo leien. Mee et mengt et wier vum "mächtegen" Botterkuch deen et firun enger Minutt giess huet.
"Fill dech net ze secher dohannen"seet den Mich...D'Fanny äntwert: "Seff lo roueg, du äntwers mir emmer zreck"

"Lady in Red" fennt Fanny en schielt Lied. D'Männer wessen awer nach déi al Klassiker ze schätzen an summen am Duett:" ooooh laaaaadyyyy in red, is dancing withhh meeee, cheek to cheek...mmmmmhhhhmmhhohhhhh this feeeeeling by my side". Sie waren sou verdéiwt dorann dass sie d'Sortie verpasst hun. Em 6 Meilen. "Knapp" daneben ist auch vorbei :).


Dono as fanny vum villen nolauschteren an schwetzen an villem kucken sou midd dass et aschleift am Auto... Dofun profiteiert den Mich direkt fir dem Max eng Anweisung an d'Welt vun der moderner Technik ze gin... Automatikschaltung!

"Du derfs den lenksen Fouss net benotzen, et gin zwou Pedallen, eng lenks, d'Brems an eng Riets, de Gaas... Et as ganz einfach... Et as fir Amerikaner an Fraen gema"

Nodeems den Max engem knallhaarten Test ennerzunn gin as, wou heen sou just  mat Ach und Krach bestaan huet, as et dun un de prakteschen Deel gaangen...



D'Fanny nach emmer nichtsahnend!

"Sou Tiigerjong, mes de lues hei, soss gett et direkt eng an d'Locke" seet de Mich...

Den Max nach emmer ganz ageschüchtert an faszineiert vum Mich sengem ganzen Wessen waehrend der Anweisung, faenkt lues an lues un den Gas ze drecken....

"Eeehlllaaaaa ... Brems dech Jong... Geff net iwwermueteg!! Geseis de et as ganz einfach"

No 5 Minuten an engem prakteschen Test, huet den Mich dun d'Aen zougema an den Max wurschtelen geloos!

Dun sin mer an den Antelope Canyon gaangen, also den Upper Antelope Canyon, wou mer ticketen wollten kaafen... Konnten se awer just reserveiren well dei eischt tour schon ausgebucht war... Warscheinlech Daitscher dei geschter owend hiert Duch schon dohin geluet haaten... Wei si et emmer beim Pool man...!

Naja dann musse mer eben bessi Zait emkreien an emplangen mee Flexibiliteit as eis Staerkt!
Zakk spontan den Horseshoe Bend besicht... Wou mer um Parking mol gefrühstückt hun... Alles arou... Jiddereen eng Schmier... Mat bessi Philadelphia an Keis an Haam...Waat een relaxen Daag...waat kann nemmen schief goen haut... Naischt!

Falsch geduet.... Krakk krukk klepp zakk bumm... Waat as daat dann fir en Geraisch... Eise Max huet d'Killtruh freckt gema... An lo?

Mich: "Haat ech der net gesot du solls net dodrun rappen wei een Kallef Tigerjong?!"
Max: "Hun naischt gema"
Fanny an Mich grölen!

Alt rem as Flexibiliteit an Spontaneiteit gefrot an mer mussen improviseiren...
Schnell an den riesen Walmart zu Page deen 5 minuten weit ewesch as fir nei Killtruhen ze kaafen... Des Keier 1 fir Gedrenks an 1 fir d'Iessen...



Beim Auto zreck ukomm mussen mer emraumen an eis aal Killtruh entsuergen... Dofun profiteiert den Mich fir Kung Fu ze man nodeems de Max heen erausgefuerdert hat!


Zreck also an bei den Horseshoe Bend wou mer dun 30 Minuten iwert eng Sandstreck Bierg op Bierg oof hun mussen eis bis un d'Attraktioun schleefen... Boahhh eyyy an daat bei 30 Grad..
"Dass ech mer daat hei freiwelleg undin...!!!" Granzt de Mich...


Fotoen gema... Wou naischt oofgesechert as mee direkt den Oofgeond dech an den Doud zeihen geif... Den Mich:

"Schnucki geih do weg net ze no drun... Hun keng loscht mer eng nei Fraa mussen ze sichen...!"



Hei Foto do Foto... An rem zreck... D'Sonn dreckt! Haett een och keinten drun denken aus eisen neien Killtruhen dei gefellt mat Gedrenks an Eis sin... Eng oder zwou Flaeschen Waasser matzehuelen... Mer hun eis matraissen gelos vun den Japaner dei laanscht eisen Auto gelaf sin... An daat sin schlussendlech richteg Touristen... Dei wessen wourobs et ukennt... En Fotoapparat an soss naischt!! Guer naischt!!

Den Bierg rem zreck eropgeschleeft mat enger Aafenhetzt... No 30 minuten am Auto ukomm... Plateschnaas geschweest... Auserdiischtert...Schung voller Sand... Haenn paescheg... An schnappootmend!!



Klima ungeschmass... Bessi erholl an lass bei den Antelope Canyon wou mer eng 1,5 Stonnen tour sollen man...

No kuerzer Intro an Waarden get et lass... Hei as den Häuptling Kaale Schweess deen op eis waert fir eisen Tour an sengem 1980 Truck... Mat eis am Grupp... Eng schwaizer Koppel an eng italienesch Koppel!
Mer 3 sollen also no hannen an d'Kescht.. Dei aner 4 loossen eis Firtrett... An lass geet et...



Den Häuptling Kaale Schwees gett Vollgaas... Fenstren sin op... De Wand an den Sand bleist eis an Gesiicht... An heen faenkt un seng Erklaerungen ze gin just schued dass mer hei hannen naischt heiren...
Den Mich: " ech heiren keen Schwanz!!!! Du kanns souvill schwetzen weis de wells Häuptling!!"
D'Fanny: "schnucki beroueg dech"

Och wou et iwert Sandpisten gaangen as... An mer allen 3 an der Kescht geint de Plafond geflun sin an de Mich geblaert huet... Huet daat den Häuptling Kaale Schwees net oofgehaal weiderzeschwetzen ouni Loft ze zuelen oder mei lues ze man!

Ukomm am Canyon as et dun Schlag op Schlag gang... "Come here" "take a picture here" "move forward"
Et war un sech bessi Massenabfertigung mee dofun hun mer eis net steiren gelos...
Deier Grupp hannert eis hieren Guide, den Häuptling Toter Hase... Sou een Mondgeroch haat heen... Huet emmer rem probeiert eist Fanny ze iwwerzeegen mat him an engem Tippi wunnen ze goen...

Heen freet d'Fanny: " do you want to be a butterfly?"
D'Fanny eiskaal: " no not really "

Naja end of story war dass mer alleguer flott fotoen gema hun an et eng super erfahrung alt rem war!



Dono an eisen Days Inn... Zu Page... Angecheckt... Schwammbox ugedoen an lass mam Wilson an den Pool...

De Max an de mich hun wei verreckt mam Ball gespillt an d'Fanny huet op senger Matrasse relaxt! De Mich huet emmer rem Regelen sengen Besoin'en ugepasst fir kennen ze gewannen!



Genial bis de Max de Ball bei de Kapp krut an heen gemengt huet et waer him elo schrecklech schwindeleg...
D'Fanny huet sech wei et soll sin em heen gekemmert mat leiwe Wierder an emmer rem krut de Max bestaetegt wei schrecklech matgeholl heen geif ausgesin... Dorops hin as et dem max natierlech emmer mei schlecht gin... An fanny huet de ball nach emmer mei an d'rullen bruecht...
"Ohhh max... Schrecklech... Du hues soi Reefer ennert den Aen"
"Deen aarmen... Kuck schnucki waats du mat him gema hues"

De Mich konnt also naischt anescht man fir sein Bestiednis ze retten wei den Max mat Bloluut an Spidol ze feieren...
Wat dun awer an leschter minutt in extremis oofgewend gin as...

Heen huet dem max dun awer mat ganzer leift en Alka-Seltzer zoubereed wou och mat oppenen Aerm vum immens immens schwaachen Max dun ugeholl gin as...

Am nachhinein stellt dech natierlech d'fro wisou an vun waat et dem maxwell dronken gin as?
- War et (A)dem mich sain harmlos gerulltenen ball deen dem max mat 1 kmh lanscht de kapp geschruppt as...
-oder war et (B) de fakt dass de max 2,5 stonnen an der praller sonn bei 35 grad ouni angecreemt ze sin am pool mat vollem asaatz hin an hier gesprongen as fir de match ouni erfolleg jedoch ze gewannen
- oder war et (C) d'fanny waat den max mental sou faerdeg gema huet dass heen net anescht konnt wei sech komplett goen ze loossen an den dronkenen ze spillen
- odee awer war et kombinatioun tescht (B) an (C)!!!!

Naja...
Jiddereen huet haut eppes futtigemaach d'Fanny d'Michael Kors Poubellestuut, 

den Max d'Steroporscoolbox, den Mich dem Max sain Kapp an den Deckel vun der Box...



Dono bei en Thailaenner iessend een wierklech ausserheweinlech gudd war... An oofwiesslung zum burger, steak huet och gudd gedoen!


Dono vive an bett...







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen