Donnerstag, 4. September 2014

Vun Las Vegas bis hannert den Horizont (Grand Canyon)

Haut den Moien hun mir rem bessen méi laang geschlof. Bis baal Véirel op 9. Eiii dat war rem eng Kéier gudd. Mir waren nämlech midd no der super Show geschter Owend. Den Max huet haut op der Couch geschlof, emmer nach besser wéi um Buedem op enger duerchgelutschtener Kanner-Matratze. 

Haut fueren mir eng laang Streck Richtung Grand Canyon. 470 Kilometer. Mir verloossen Las Vegas haut fir en puer Deeg op eiser Fahrt duerch verschidden Nationalparken.

Nach schnell an den Starbucks ennen am Hotel. D'"Michelle" alias Mich kritt hei sain Caramel-Frappucino mat extra vill Schlachsaan, nach bessen Bananabrout dobai fir on the road. D'Fanny bestellt sech en Espresso an den Max den üblechen Cappucino.



Eis Madame am Navy huet haut firtéischt Kéier eppes verstaan waat mir mendlech rangin hun. "Grand CanyonPark Arizona" jaizt den Mich haart an daitlech. An kuck do...et klappt!!! Vlaicht as sie jo aus Arizona :).  Soss sin schon déi witzegst Missverständnisser dobai rauskomm... An wann den Mich dann Freechheeten soot, huet sie sech einfach verabschied." Goodbye"...

Dono geet et nach an riesegen Walmart, den sou grouss as dass d'Belle Etoile 10x dranpasst. Et braicht een GPS hei fir sech net ze verléiren. Den Choix as rieseg hei, et gett alles waat een sech denken kann an och Saachen wou een net gemengt huet dass et se net geng gin: knetschegt Brout am XL-Bigfamilypaak, Mellech ouni Mellech dran, Orangenjus an Fläschen vun baal 4 Liter (1Gallon=3,79Liter) , MinuteMaidJus an Pellenform, leschteg mexikanesch Pinatas fir dropzeschloen...
Den Mich huet déi hallef Fleesch-an Kéisthéik duerchgeschmaacht an hien huet dun déi bescht Pastrami, den beschten Cheddar an Turkeyschweiwen rausgesicht. Dono hun mir nach allerlee Knabbereien kaaf, Gedrenks, bessen Uebst an zum Schluss nach Eis fir alles zesummen an eiser Steroporscoolbox ze verstauen.



Pinatas


Dono goung et rem un Bord fir dass eis Fahrt sou richteg kann lassgoen. Well et sou laang dauert mussen mir eis irgendswéi ennerhaalen. Jo d'Landschaften sin wonnerschéin an enneren all puer Kilometer. Doriwwer eraus hun mir eis haut gudd am Auto amuséiert an vill gelaacht. Manner mat Autodance haut mee éischter mat onseren Gespraicher: iwwert déi schéin Landschaften, Kalorien ("kleng Pizzaen hun mega vill Kalorien"/Zitat Fanny), Déiren déi do sin oder net. Schlaangen, Bieren, Elcher, Paerd, Keih, Kaweechelcher. Verschiddener dovun hun mer och vun ganz no gesin :). 
 "Kuck en weld Paerd" (Mich). "Jo et as richteg, mee et as eng Kou".(Fanny)
"Fir mech haat et 4 Been, et huet bessen well ausgesin, doraus hun ech geschloss dass et een weld Paerd as" (Erklärung Mich). Heiraus huet sech een Running Gag entweckelt: "do as en Déier, dohannen" . Jiddfereen kuckt..."Wouuuuu??" Mee dun war keent do..

Mir kommen firtéischt laanscht den Lake Mead, bessen ausserhalb vun Las Vegas.



No kuerzer Zait mir fueren an den Arizona ran. No Kalifornien an Nevada eisen dretten US-Bundesstaat an deen mir kommen. D'Landschaft ennert sech rem, firtéischt roudelzech Fielslandschaften, emmer méi karg. Dono rem méi greng, mat groussen Kaktussen, gielen Blummen...

Riesenkaktus



Um Radio leeft lo nemmen nach Country. Do mierkt een dass mer an der Heemecht vun Cowboy an Indiander unkomm sin.
Den Max well schon en Squirreldance (ah nee, Squaredance) drop danzen. 

No an no huet sech den Honger emmer méi gemellt. Um Rand vun der Interstate 40 hun mir eis dunn eng Plätzchen gesicht fir eist Mettesiessen. Mat Bleck op d'Stepp mat Kaktussen an Bierglandschaft hun mir am Auto giess. Um Schouss hun mir eis Schmieren gemaach. Fiertéischt as Philadelphiakéis drop geschiert gin, dono hun Cheddar, Pastrami an Turkeytranchen hieren Wee op d'Brout fonnt. Eiiii daat war gudd!!!





Et gouf et wichtegen Wiessel am Auto. Den Mich bleiwt um Kapitänssessel. Mee d'Fanny as lo no hannen setzen gang an den Max kruut en Upgrade an d'Businessclass, no fir op den Béifuerersetz. 
D'Fanny traut sech op där Plaz Saachen déi et fir um Setz net gemaach huet. Et botzt seng Schong mat Fiichtegkeetsdichelcher. All puer Minutten seet et "hei as d'Landschaft schon rem bessen aanescht". Et äntwert dem Mich zreck, deen net richteg un d'Fanny kennt fir et ze keddelen oder ze knuffen. "Ech gin méi king, heihannen kann een mer naischt..."



déi 2 vun der rietser Sait, nom Plaazwiessel


Dem Mich gett daat ganz wuel zevill well hien seet beemol: "lo glaich gidd dir allen 2 nohannen setzen an d'Kierf kommen no fir, déi sin mir och ganz sympatesch". Hien well d'Bollien ganz an déi zweet Reih verdrängen...Mee daat ganzt as och rem schnell vergiess :). 

"Ech sin en klengen Nervösen, daat wessen mer jo all"(Zitat Mich).

Den Pastramivulkan brodelt nach bessen, den Mich muss sain Mettesiessen verdauen. Bis hanner Ash Fork, dunn war et gudd. Bei Seligman sin mir vun der Interstate 40 gefuer fir en Steck op der berühmter Route 66 ze fueren ("we are all selig man". "Do wunnen wuel lauter Hellercher"..., do hun mir missen laachen). Hei gett et e puer aal Holzhaiser aus der Zait vum Wilden Westen.






E puer Meilen méi wait sin mir Richtung Grand Canyon Park ofgebéit. Williams huet daat Duerf geheescht. Och hei huet een gemengt Zait wier stoenbliwwen. Awer léiw an schnuckeleg gesait et aus. Laanscht d'Stroossen sin lo haisch Dännenbeem an et weisen Schelder drop hin dass een kann engem Bier begéinen.



Kuerz hannert dem Duerf hun mir nach opgetankt. Hei huet d'Fanny sain Virsaaz vun geschter och schon nees gebrach: "ech brauch just nach een Michael Kors Portemonnaie, soss brauch ech naicht méi...".D'Männer hun vergiess daat Klengtgedrockten aus der Aussoo rauszeliesen...beim éischten Stand mat Indianerschmuck, niewt der Tankstell, huet d'Fanny nämlech direkt Fiederourenk an en Bracelet kaaf. Gudd dass den Mich mam Indianer verhandelt huet an en 10 Dollar rofgehandelt huet.


lo as et frou :))


Temperaturen sin emmer méi agréabel gin.  Zu Las Vegas waren et nach Temperaturen mat bis zu 110 Fahrenheit (44 Grad) an mat Null Wand. Um Wee heihin an elo am Gran Canyon Park sin Temperaturen emmer méi gefall an lo sin et maximal an angenehm 87 Fahrenheit (30 Grad) mat enger klenger Leftchen.

Strooss vun Wlliams Richtung Grand Canyon



Mir entschléissen eis nach haut bei den Grand Canyon ze fueren. An dat war eng gudd Entscheedung. D'Liicht am spéiden Nometten as genau richteg, net ze hell. D'Vue roof an d'Schluchten as impressionant. Mir sin aus dem Staunen net rauskomm. Mir hun nach eng Reih vun Fotoen gemaach an allen méiglechen Kombinationen an Bleckwenkel. 



Um Wee fir bei den Canyon an zreck hun him Réih an en Hirsch niewt der Strooss gesin. Super wéi no mir hinnen komm sin.


Unkomm am Hotelszemmer. Et as Halwer 7. Endlech....et war en laangen Daag. Awer rem flott. Eist Zemmer as zimmlech eng, den Boulevard tescht Better an Teleschaaf as hei keen Boulevard, mee just eng Einbahnstroos. 2 Leit passen net laanschteneen. Genausou am Buedzemmer, méi wéi een passt net ran. Hei muss een iwwerall Tetris spillen. Mir sin déi ganz Zait um reckelen, stapelen...an summen Tetris-Melodie dobai...Och fiert d'Valissen all an d'Zemmer ze kréien. Den Bürosstull steet dofir och lo mol um Gang :). 


Ab geht et dunn um 7 Auer bei den Pool. Am Ufank war et richteg kaal. Mee wéi mir bis allen 3 am Waasser waren as et besser gin. Beachvolley mam Wilson am Dreieck. E puermool as den Ball richteg gudd gelaaf, bestemmt iwwer 20mol. Fanny op Mich, Mich op Max, Max op Fanny oder emgedréint. Et as emmer méi daischter gin. Mee daat huet eis net gehennert fir weider ze spillen. Dono hun mir wait Passen gemaach an daat déiwt Waasser....Do kruut een emmer eng gudd Schlupp wann een wollt den Ball opfänken. Zum Schluss nach en Puer Spreng an den Pool andeems en probéiert den Ball an der Loft opzefänken. Do gouf et och emmer eng Schlippchen. Eiii daat war richteg gudd erfreschend. Awer lo schnell ennert eng waarm Dusch!!!

Uuuhh kaal :))


Op eiser Toilett am Zemmer steet daat hei...
"Daat heescht et kann een net aus der Toilett drenken"...(Zitat Fanny).

D'Sich no engem Restaurant fir den Owend gestalt sech immens schwiereg. Op Tripadvisor huet den beschten Resto 3 vun 5 Stären. Mee deen as Owes zou. Déi aaner hun 2 Stären oder manner. Hmmm an elo...Beschreiwungen vun den verschiddenen Plaazen gin vun: Charme einer Bahnhofshalle, worst experience of my life bis zur Tatsach dass den Kach vergiess huet sech d'Hänn ze wäschen...an sou weider. Mir entscheeden eis fir Wendie's. Dat as schliesslech eng Chaine an do gett et Burger. Mir fueren mol dohin. Um 9 Auer sin mir do, mee mir sin ze spait. D'Madame, hannert der Théik, bei där en puer Zänn feelen, seet dass d'Kichen schon zou as. Mee bei hierem Unbleck an deem vun der Kichen hannert hier sin mir frou hei rem schnell rauszekommen. 

Also Richtung McDonalds, do kennen mir am mannsten falsch maachen hun mir eis gesoot. An sou as et gewiecht. Out of my world...een Erliewnis vun baal 2 Stonnen geet lass. Hinterm Horizont gehts weiter...daat Ganzt as net vun deser Welt gewiecht. Bei der Bestellung kritt den Mich schon déi éischt Laachkriiss. We proudly present the McDonalds DreamTeam vum McDonalds Grand Canyon:

- do hun mir fir d'éischt den Double-Cream Maulef, sie as hei den Star. Trotz XXL bewegt sie sech elegant tescht denen verschiddenen Iessensstatiounen hin an hier. Hannert hieren ungeschloenen Brellenglieser gesait sie knapps genuch fir d'Fritten ze frittéiren, Burger ze dréinen oder um Schlaachsaansapparat ze shaken fir rem eng Portioun Cream ze maachen. Sie mecht gefillt 99% vun der Arbecht an der Kichen. 


-Dann hun mir d'Mai-Ling een chinesecht Meedchen mat Nerdbrell wat ganz onscheinbar an den Ecken vum Resto wirbelt. Mat engem Stab dreckt hatt den Knascht rem méi déiw an d'Poubelle, mecht nei Stapelen mat den Tableauen oder et wescht Descher an den Buedem mam emmer selwechten Duch of. Dotescht kraizt hat och rem ganz onopfelleg sain heemlechen Boyfriend, d'Springroll. Deen fällt haaptsechlech doduerch op dass hien d'Plateauen mat engem Duch ofmecht an mat Alumiumsbehälter hin an hier geet an Spässercher domat mecht. Kuerz Zait hellt hien och Bestellungen op. Bis zum Schluss bleiwt awer onkloer waat seng genau Roll soll sin. 




- ouni déi mexikanesch Managerin geng den Buttek wahrscheinlech no engem Daag an d'Getten goen. Eng Assistent bleiwt relativ onobfälleg. Wéi och nach en Puer aanerer wou een net wees wéi sie an d'Team passen....

Mir hun eis ob allen Fall gudd amuséiert an kruuten eis vun Laachen net méi an... Zum schon genannten Team sin dann nach déi aaner Gäscht dobai komm déi am McDO giess hun. Eng daitsch Famill aus dem déiwsten Ruhrpott, zwee englesch Chicks am typeschen Brit-Flair, een Mann deen gefillt 20 Fleschen opgefellt huet um all-you-can-drinkStand, een Asiat mat starrem Bleck deen um Ipad gespillt huet deen nach an der Originalverpackung war. An zu all dem as am Hannergrond gaaaanz lues an roueg Pianosmusek oder Panflöte gelaaf. Wat en Slap-Stick :). 

 Not too bad, english gals

Fanny mam Ipad-Asiat

Dono as den Max nach am Hotel bessen mam Bürostull duerch de Gang gefuer. An mir hun den Stull och rem rangeholl. Dat war et fir haut. Gudd Nuecht :) (Max)





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen