Donnerstag, 4. September 2014

THE View!!! Monument Valley



Um 8 hunn mer flucharteg den Hotel verlos ouni Morgentoillette an ouni onst (bezueltent Frühstück) ziessen (wat bestemmt mega "lecker" gewiercht wär).
D' Fanny huet sech knapps gekämmt kritt... Vun Schminken keng Spuer... Oh je mee dat geet jo och am Auto. Et ass drems gang fir virum Reen am Monument Valley ze sinn well dobaussen huet et gerent an et war kal. Haut brauchen mir keng klima mee eischter heizung.

Nach kurz e klengen Abstecher fir Fotoen beim Grand Canyon (leider ass d'Siicht angeschränkt, d'd'Wolleken hänken immens déif) an dann geet et lass. Bei desem Aussichtspunkt (desert view) war et sou kal, dass de Michel seng Flip Flops schnell durch fest Schongwierk ersat huet.

D' Josette  vum navi war haut rem ongnädeg an wollt rem nett sou richteg eis destinatioun verstoen, mee et bessert sech vun dag zu dag. 

Iwer Bierg an Dall do wou den Adler an squirrel sech Nuecht soen fueren mir durch schéin Landschaften, déi och rem am Minutentakt wiesselen. Och lanscht de kebap (kaibab) national forest fueren mir... Haha ;-)



De Michel huet scheinbar en mexikanesche "virus" opgeraf, him wuessen schon schwarz Aperhoer "arriba!!!!"

D'Fanny hällt nett op ze wiederhuelen wéi frou hatt ass dass et seng indianer fiederen schon geschter kaf huet, well haut ass all indianerstand zou. D' Indianer setzen leiwer bei enger Friedenspfeife am wikwam oder tippi.



De Reen bleist iwert d' Strooss, de Mich muss d Steierrad fest am greff halen!




Iwerall lanscht strooss wunnen Navajo Indianer an zimmlech erof gekommenen Hütten/ Haiser...

Ons Auto Gespréicher sinn wéi emmer unterhaltsam an mir laachen vill:
De Mich philosopheiert iwert Toillettewasser, hien ass der mehnung dass et am best western am beschten ass....???
De Max zielt rem vun sengem Dram wou hien e Kueb war, an Iessen gepickt huet. Lo muss hien de wellen Kueb raus kreien.....???

Iergendwou an der Steppe (wou, wéi d'Fanny emmer rem seet, fréier d'Indianer geridden sinn) iessen mir e verspéitent d'Frühstück. De Max verkünd, dass hien stierwt wann hien muerjes naischt Séisses esst an esst doropshin Banane mat Philadelphia op der Knätsch-Schmier.
De Pastrami Vulkan ass och rem aktiv nom Frühstück an speit schokla-Äschen. Geschwenn musse mir rem akafen goen, mir hunn naischt mei fir op d' Schmier.



Rem ennerwee seet de Mich Frechheten zum navi josette well hien en openen Indianerstand well fannen fir der mamm schmuck ze kafen:
J: "Say Poi!"
M: "Indianderstand fir Mamma-Schmuck"
J: "Goodbye"

J: "Poi"
M: "Niggerjail"
J: "Burger king"
M: f*********.....m****** 
J: "goodbye"

De running gag mat de Pärd/ Kéih ass na emmer aktuell... Iwerall gesinn mur scheinbar wëll Déieren....


De Max (Indianernumm: springende locke) krut vum mich ( häuptling kahler adler) seng patten an der mittelkonsole gequetscht an muss lo bei den medizinmann den him eng paste aus kreuzkümmel, adlerschaiss an schlangengeft opdreit ( fanny: das blonde federnde pferd)
Smoovie autodance mat prärie autodance gemescht: adapt your moves to the horizont
Beim air jazz ass alles meiglech



Vum arizona an den utah
An lo gesinn mer wirklech well pärd ouni witz lo....


Endlech sinn mir am monument valley ukomm an eng indianesch madame freet ons rem suen fur an de Park.
Den Hotel leit wonnerschéin an d'Vue ass atemberaubend, den Hotel heescht jo och 'the view'. D'Wieder ass hei besser, trotz Wand a Wolleken mee et rent weinstens nett


Eis Kummer ass nach nett färdeg dofir maachen mir nach en Offroad-Tour durch den Monument Valley. Gott sei Dank hunn mir en Vierrad-Antrieb an den kennt op der holpreger Streck och zum Asatz. Fir de Michel erfellt sech domat en Dram an hien reselt obs och all schéin durch. D'Fanny deet déi eng oder aner Kéier och schéin Kreesch... Dat wier naischt fir ons Mammen gewiercht!

Mee déi ofwiesselnd Fielsformatiounen sinn esou schéin, bal ze schéin fir ze gleewen. Emmer rem bleiwen mir stoen fir Fotoen ze maachen. An och hei begéinen mer denen weltberühmten wëllen Pärd, déi och wirklech extrem wëll sinn. 



D'Fanny ass bessi enttäuscht dass et nett kann reiden goen...(et ass einfach zevill Loft) 

Och Hënn an eng Wüstemaus kreizen onse Wee. Gott sei Dank jeng Schlang...
An dobai bleist e strammen Wand den de rouden Sand iwersll hinn bleist. Sou kennt et och dass dem Mux seng Kap sech selbststänneg mecht an fort flitt. Beim Versuch d'Kap rem an ze fänken, geréit de Max an d'Schleideren an fällt op den Kickes. Seng Hand ass lo bessi ledéiert...lo muss hien wirklech bei den Medizinmann....





Den Offroad -Tour huet super Spass gema...alt rem en Dag den méi wéi gelongen war an den sain Ofschloss am Resto vum Hotel fennt. Och hei gett den Hotel sengem Numm méi wéi gerecht: eng wonnerschéin Vue op de Sonnenennergang an der Monument Valley!!!


No engem gudden Burger an engem klengen Gespréich mat Letzebuerger aus dem Minette, ginn mir haut fréi an d'Bett... Well muer heescht et um 06:50h Sonnenopgang!!!
An dann Richtung Lake Powell!
Eis Entrée...

Gutt Nuecht ( dat hei hunn ech iwregens op onsem Balkon mat genialer Vue geschriwen, e Genoss!)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen