Mittwoch, 17. September 2014

Leschten Dag: San Fransisco an Heem

Haut as leider schon den leschten Dag vun eisem Trip. Op der aanerer Sait sin mir och en bessen midd an frou fir heem.

Am Zemmer vum Hotel Zetta, deen Metten am Zentrum vun SFO as, kommen déi 3 sou lues an lues zou sech. Eis Koppel huet net sou gudd geschlof, bei 1,40m Bettbreed och bessen normal ;). Um 9 Auer tockt et un der Diir:" Housekeeeping!!!". D'Botzfra war schon mat engem Fouss am Zemmer, gudd dass den Mich sou eng energesch Stemm huet...dat selwecht war eis schon  zu Vegas am Venetian geschitt. 

Op eisem leschten Daach wellen mir nach bessen duerch d'Geschäfter schlenderen. Dem Max sain As am Ärmel as dun an den Ansaaz komm...an dat am Levis store. Hien hat natirlech och gudd Beroder :). D'Fanny an den Mich hun hiet Bescht ginn fir Karohiem, T-Shirt an Jackett un den Mann bzw. Max ze brengen...

Dono sin mir rem Richtung Valenciastreet gedüst... an wou sin mir fir d'Mettegiessen geland? Jo genau...bei eisem Lieblingsitaliener...Farina. Mir sin lo bestemmt fiert 5.t heigewiecht.

Farina...top

Eiii nach eng Kéier richteg gudd Pasta iessen an dobai d'Leit beochachten déi laanschtginn oder fueren.


+ 
Mmmh Lasagne 

Fanny an Mich beim Leitbeobachten op der Terrasse

Mir haaten beim Italiener extra keng Pizza als Entrée geholl well mir nach wollten en Burger am Nometten iessen. Den Max huet suguer beim Garçon vum Farina deem seng Lieblingsburgerrestoen nogefrot. Mir hun eis gesoot en Burger op eisem leschten Daach an Amerika misst nach dran sin...Mee do waren eis Aan rem méi grouss wéi eisen Mo :) an doraus as dunn dono och naischt gin.


Graffitikonscht


Well mir nach Zait haaten sin mir an en flotten Keramikstore gefuer:  Heath Ceramics. Hei as nach alles "Made in California". An daat sait 1948. Natirlech sin d'Praisser dann och dementspiechend. Dem Fanny as direkt eng Posch an d'Aan gesprong. An no villem Hin an Hier: Soll ech dann oder awer net...as se dunn schlussendlech dach geholl gin an eng Vase dobai :). Och den Max huet eng Esprossostaass an eng Holzvase kaaf. Bei der Keess hun mir nach mam Vendeur geschwaat. Sain Accent huet hien daitlech als Italiener enttarnt. Hien huet eng Green Card fir Amerika an der Lotterie gewonn. Daat gett et also wierklech :),an hien liewt lo den american dream. 




Am ungeschlossenen Coffeeshop gouf et dunn nach verschidden Cafékreatiounen. D'Hipsteren waren hei och rem zahlreich um Rendez-Vous.

 lenks en Desch mat Hipster

Coffee-Art

No enger gudder Stennchen am Heath-Komplex sin mir nach bessen duerch d'Stad gefuer an mir hun eng lescht Kéier den flotten Flair vun San Fransisco genoss. Um Alamo Square hun mir nach en kuerzen Halt gemaach. Hei stin déi sougenannten "Painted Ladies", déi wuel bekanntesten viktorianesch Haiser zu San Fransisco. En wonnerbaren Ausbleck: déi schéin aal Haiser mat der Skyline am Hannergrond.


Well mir ennerwee en Stau gesin hun, hun mir eis kurzerhand entschloss schon am Nometten op den Fluchhafen ze fueren. Sou haaten mir keen Stress. Den Stau war dunn awer keen richtegen an mir haaten doduerch vill Zait. Den Auto hun mir nach zreckgin an dobai eng Tankfellung gespuert. Bei Alamo hun sie sech net dorun erennert dass mir beim Autoswiessel zu Vegas gesoot kruuten mir missten den Auto mat vollem Tank ofginn. An mir hun natirlech och naischt gesoot. Yesss :).

Nodeems mir duerch déi ganz Secherheetskontrollen an eis Bagagen op Letzebuerg duerchgeckeckt waren, haaten mir nach bestemmt 4 Stonnen bis zum Fluch. Also hun mir eppes Relaxes gebraucht fir déi Zait ze iwwerbrecken. Dunn as et mol Richtung Business-Lounge vun Air France gaang wou d'Fanny an den Mich jo en Zourecht haaten. Mee lo as et dremms gaangen den Max matranzeschmuggelen :). Fir an den Rucksack war hien dach bessen ze grouss... Also hun rem dem Mich seng  Gespraichskenscht zum Ansaaz missen kommen. Op Nofro vun enger Air-France/KLM Membercaard weist hien mol, mat Kalkül hannendrun, seng Pilotenlizenz vun Easy-Jet. "This one ?" seet en nach ganz onschelleg. Do war d'Madame hannert dem Schalter schon hallef em den Fanger geweckelt. Dunn as och eng hondsgewéinlech aaner Kaart mam KLM-Logo drop duergaang dass den Max matranduerf. Haha :). Gefickt eingeschädelt ;).



An hei an der Lounge war et richteg angenehm: en Gratisbuffet mat franséicher Baguette an freschen Ju'en, konfortabel Couchen fir drop ze lümmelen an virun allem Rou. Keng 4 Stonnen am Tobuwahobu  am Terminal mat kraischenden Kanner, nörgelden Passagéier an all aaner Kaméidi an dobai och emmer en Bleck op all Rucksaak mussen ze hun. Sou as d'Zait schnell an der Lounge riwwergaang: souzesoen wéi am Fluch vergaangen (; daat Wuertspill war awer lo gudd). 

 Handydaddelen an der Lounge


Dono hun sech d'Weer rem getrennt. Eis Koppel huet am Fliiger an der Business Plaz geholl an den Max an der Holzklass. Des Boieng war wirklech enk an schmuel des Kéier, virun allem mat enger Stewardess déi net duerch den Gang gepasst huet. Gott sei Dank konnt den Max schloofen sou as Zait relativ schnell riwwergaangen. An der Business sin d'Fanny an den Mich kulinarisch richteg verwinnt gin an sie konnten sech och ganz an d'Horizontal leen an sie hun gudd geschlof. Eiiii....

Good bye America, et war schéin. See you :).

Freitag, 12. September 2014

Yosemiti op SFO!

Den Trip hellt sou lues en Enn an daat as eis allen 3 haut ganz kloer virun Aen!
Mee mat engem traureg an och laachenden Aa geet et haut zreck op eis lescht Destinatioun San Francisco, dei Staat an dei mer eis verleift hun!
Nom Fanny sengem Blog geschter as et haut rem um Mich... Eppes kloer ze stellen domad mecht heen sech net midd... Well jiddereen deen bei der Rees dobei war wees genee wei den Hues leeft...

Fanny liest sain ferdeggeschriwenen Blog haut de Moien am Auto fir.
Jiddereen laacht an denkt sech saint....
Just d'Fanny mengt zum Schluss ganz selbstsecher:
"Eyyy daat do war et mer wert...!!" An laacht sech heemlech een an d'Faistchen! Et mengt et haett elo endlech der Welt gewisen ween de Gudden an de Beisen as.
Egal haaptsaach et as glecklech an senger Welt denken sech d'Jongen!

Nodeems et dem Mich sain verstengerten an awer grinsenden Bleck gesin huet geet dem Luce de Wapp!

Hatt mengt dass de Mich haut seng Revanche hellt.

Ungekündegt huet den Kapitän der Bordmadame natierlech Konsequenzen:
"Der musst haut oppassen waat der sot, haut as et un mer de Blog ze schreiwen an dono kann der naischt mei 'richteg-stellen' !"
"Dann soen ech haut naischt" seet d'Fanny ganz ironesch.

"Okay okay okay ab elo soen ech just nach ganz onverfänglech saachen!" Seet hatt ageschüchtert...
"Verspriech naischt waats de net haalen kanns!" Koum direkt de Konter aus dem Cockpit.

No puer Minuten Rouh kennt dun beenol rem en Kommentar vun Hannen...:
" lo muss ech mech voll an menger Perseinlechkeet anschrenken an zum Ja-Sager gin"

Et huet den Message also verstan!
Heinsdo as dach weniger mehr!

Sou nodeems daat geklaert war sin mer also weider Richtung SFO gefuer wou d'Landschaft emmer an emmer mei gring gin as... An Temperatur gesonk as... Bis mer endlech dei grandios Staat um Mier an Siicht haaten... Just nach een Stau, Péage an eng Breck hun eis getrennt!

Schnurstracks as et Richtung Lieblings-italiener gangen! Pizza Margherita als Entree bestallt fir eis 3 ze deelen... Dono Spaghetti mat rouder Sauce an Kanengchen fir de Fuus an den Tigerjong!

Den Mich haat Bullen vun Ricotta mat Spinat... Hmm!!

Super!
Dono schnell bei eisen Lieblings-glace-buttek fir vanille, framboise an chocolat! 

Dono hun mer decideiert an den Hotel ze fueren.

Et war schwiereg eng Parkplaatz matzen am Zentrum ze fannen mee no langem ronderem de Block fueren konnten mer dun endlech virum Hotel parken fir dun vun engem klengen Asiat begreisst ze gin...

Zakk rappt den 1m50 heijen Chop Suey Dier op an blaert dem Max an d'Ouer:
WELCOME TO SAN FRANCISCO!!!

Heen huet dun schnell Bagagen oofgelueden op en Trolley an waehrend deems eis erzielt dass heen aus dem Vietnam wär!
Direkt hun beim Mich d'Alarmschellen gebimmelt. En Vietnames an Amerika?! Un weem well heen sech rächen?!

Heen freet eis direkt wou weini wisou weilang firwaat an iwwerhaapt... Kuerz gaentwert well heen wessen ob mer schon an Südostasien waren... Kloer soen dei 3 Tigeren ganz stolz... Thailand!

"Ohhhhhh you be careful!!!! Ohhhhh!!! Not in my country!! But Thailand you be careful!!!"

Mer haten un sech net Gefill schrecklech careful missen ze sin an Thailand mee bon wann heen daat seet...kuerz Zait dono hun mer allerdings rausfonnt waat heen gemengt huet...anzwar Ladyboy'en!! Deen Krommen!!

Am Lift ukomm freet heen eis weivill suen eist Geld an US dollar wert as... Fir eis dann ze soen weivill USD mer missten op den Desch leen fir an sengem Land eng super Fraa an keen Ladyboy ze kreien...
2000 USD!!
Waat en Schnäppchen!! Eierlech!!

Dem Mich seng Äntwert prompt:
" Wow that is expensive, I got my wife for free!"

Grousst Gelächter mecht sech breed beim Chop Suey! Heen huet gemierkt dass mer gemierkt hun dass heen en klengen mentalen Problem huet well heen anscheinend net lang genuch d'Broscht krut wou heen kleng war!!

Endlech an Rouh an aleng an der Kummer hun mer decideiert eis 1 Stong ze relaxen an während deems eis en Resto rauszesichen fir Owes.

Dem Mich sain Wonsch war et traditionnelt an authentescht chinesescht Iessen am China-Town zou sech ze huelen.

No langem hin an hier, an no schweierer Iwwerzeegungsarbescht den Max vun senger Neon-Tuben-Phobie ze befreien as et dun kloer gewierscht... Mer gin an den R&G Lounge... Gesagt getan... Ugeruf an reserveiert!

Virdrun as et dun nach kuerz an den Playroom vum Hotel gangen wu een Billardsdesch, en Deschtennisdesch an een Desch wou een Curling an Miniatur spillen kann. Top!

Dono 10 Minuten durch westfield mall nierft eisem Hotel geschlendert fir eis dun  an der Grant Street an den Chinatown ze begin.

Dei Impressiounen geneisst jiddereen... Kleng Geschäfter mat Touristensaachen, wei och authentesch chinesesch butteker wou een Imitatiounen vun allem krit, dotescht emmer rem vereenzelt Restauranten wou Poulet'en an Canard'en an den Fensteren haenken. An dei Strossen gefellt mat honnerten an honnerten vun Leit, vill Locals mee natierlech och Touristen.
An een vun desen greissten Butteker, den old Shanghai gin mer ran an kaafen eis an een Rausch fir Souveniren an Massagen-Monsteren!

Raus an Richtung Restaurant wou no kuerzem waarden et endlech un den Desch geet, bestallt hun mer Sweet & Souer Chicken, Mongolian Beef, Peking Duck an dobei en Fried Rice!


Jidderengem huet et plus minus geschmaacht ausser den Mich deen as aus dem Schwärmen net mei eraus komm...! 

"Eyyy daat do war saugudd, mer huet daat do immens geschmaacht, top chinesesch Kichen, mee bon as affaire de gout, mer egal ob et aerch geschmaacht huet, ech hun et gail fonnt!"

Den Max deif verletzt:
"ma daat as leif"

D'Fanny laacht... Sou kuerz nach 15 Minuten, bei kaalem Wand an daischteren Stroossen durch San Francisco zreck an den Hotel.

Den Mich huet dun Business Class gebucht fir heem an huet dun daat klengt Fanny schlofen geloos an as mam Maxwell op den 2. Stack roof gelift!

Bessi Pingpong bessi Curling bis sech dun amerikanesch hypster locals opgedraengt huet fir geint eis Billard ze spillen...!
"Heyyy guyssss.... Bla bla bla"

Een mei op Drogen wei deen aneren... Mer hub souveraen gewonnen an eis dun an bett gema...
What a day!


Donnerstag, 11. September 2014

Yosemite National Park

Alt erem kommen mir schlecht aus de Fiederen... De Mich huet immens schlecht geschlof, iergendwei huet hien elektresch Bletzer verursacht... Frot mech nett wéi...
Muerjes na schnell de Poulet gebroden an op enger Schmier giess an géint halwer 11 ass et Richtung Yosemite National Park gangen. D'Madame (mam Mondgeroch) aus der Receptioun huet ons firgewarnt dass et bessi  "smokey" do kéint sinn weinst Feier awer trotzdem war fir sie alles "wonderful". Fir eis awer nett... De Mich houng hallef bewosstlos iwert der Théik (Mondgeroch!!!!)

Am visitor center beim Mono lake ukomm, wou beim Michel och vill Kandhetserennerungen opkommen, kennen dem Ranger seng Froen all positiv beäntwert ginn:

"Do you have water?"

"Yes!"

"Do you know where you stay tonight ?"

"Yes!"

"Do you have your visitor pass?"

"Yes!"


Mir sinn déi perfekt Touristen! Och den Ranger ass der Mehnung an seet "good job guys!"
Mir kënnen stolz op ons sinn! 


Um Monolike alt rem e super weiblechen Ranger. (Wéi seet en dat? Rangerin? Rangesch? Keng Ahnung) Üblech Fro: "where are you guys visitting from?" D'Äntwert kënnt der ierch denken... Hir Äntwert: "Oh right, Luxembourg is Luxembourg!" Super d'Madame wees bescheed!


Mir treplen Richtung Lake durch en doftend Mier vun gielen Blummen. D'Fanny muss natirlech rem alles an d'Hand huelen an richt des Blummen. Sou kennt et dass de Max iwerlet wéi eng Sefen hien kéint aus desen herb-würzegen giele Blummen man. Hmmmm. Comme ca sent bon!



De Stand vum Monolake ass leider durch de Séisswaasserkomsum immens zréck gangen...  Schued wéi d'Natur zerstéiert gett!


E schéinen Holzwee féiert Richtung Séi. Den bessi muchtege Geroch vun den Holzbrieder erennert un dem Bopa sain alen Holzschapp demols.


Op engem Scheld steet et soll en de Fanger an d'Waasser stiechen an schmaachen. Dem Fanny seng firwetzeg Natur léisst hat dat natirlech direkt maachen. De Mich ass rem héchst besuergt et kéint epps schreckleches geschéihen.
D'Séiwaasser ass méi salzeg wéi Mierwaasser an huet och e liichten batteren Goût.
Hei d'Erklärung:


An hei och na d'Erklärung wéi déi bizarr Figuren am Waasser entstinn:

Zreck am Auto gett et e klengen Snack bestehend aus kenstlechem Waasser-Jus an Biscotti. Déi zwee Tigere knätschen em d'Wett.

Ukomm bei der Entree vum Park alt rem e saucoolen Ranger mat beard. Hien schmeisst mat coolen Sprech em sech fir d'Ketty hannert sech ze beandrocken: "Hey brother..., yeah man... Awsome guy" Allerdengs ass d'Ketty nett ze zefridden mat senger nett sou professionaler Auskunft an schléit him mendlech op d'Patten (nett wuert-wiertlech). Dass d'Fraen emmer sou zréckmaulen mussen. Do hat de Ranger sech wuel ue weit aus der Fenster vum Haischen geluecht!

Och am Yosemite-Park ass et wonnerschéin. D'Bäch an d'Waasserfäll fléissen vun Séi zu Séi. E richtegt Wanderparadies. Et richt schon bessi nom ungekündegten Feier. Mir hoffen na emmer drop e Bier ze gesinn!


Klengen Stopp bei engem Flesschen. Souuu schéin! D'Fanny muss d'Patten alt rem an d'Waasser zappen.. Eiiii dat deet gutt eiskalt Biergwaasser!


D'Nouten vum Oliver Shanti begleeden ons lanscht déi quasi onberéiert Natur. Mir gesinn Adleren (oder Geieren mir wessen et nett). Mir gesinn och Réih an natirlech vill Chipmunks.








Ennerwee maachen mir rem vill Fotoen bei Séien, Baachen, Bierger...
Fotoen beim Half-Dome Fiels & klenge Snack beim Séi.

Iwerall sinn Schelder mat 'Speeding kills bears'. Mir fueren schéin lues hunn awer na kee Bier gesinn.

Beim Siesta-Lake ass eng rout Luut weinst Arbechten, de Mich hellt de Séi beim Numm an mecht eng kurz Sieste...et dauert an et dauert. 
Wat ass nemmen lass hei? Ongedold mecht sech breed! 
Ah et waren Bescharbechten. Et riicht super no Harz! 

D'Fanny wiesselt rem d' Platz mam Max. Hatt wëll bessi vun der Sonn fir profitéiren. De Max iwerhellt direkt d'Kichen an freet wat hien kann zervéiren. De Beautysalon gëtt kurzerhand no fir verluecht.

Mini-Hiking Tour Richtung Waasserfall den awer leider ausgedrechent war. Schued, mir sinn bessi enttäuscht. De ganze Wee fur naischt! De Mich an de Crocs rem top ausgerüst! 
Do misst e Waasserfall sinn...
Mat Waasser geng dat sou ausgesinn...

D'Fanny muss 5 km bei eng Toillette lafen an gesait den Auto op emol lanscht fueren. "Oh nee sie werten mech jo nett vergiess hunn!!!", denkt et panesch. Awer nee!!! Gott sei dank hunn d'Tigeren just wollten entgéint fueren.


Mir fueren raus aus dem Park. Et war e langen Dag an mir sinn midd. All eis Gedanken sinn beim Pool. Op der Streck Richtung Hotel fueren mir lanscht eng Onmass vun Quadratmeter verbrannten Bësch. Et ass traureg sou eng Zerstéirung ze gesinn! 


D'Fanny kënnt rem mat sengem Pseudo-Geo-Wëssen an zielt eppes vun Erosion an fruchtbarem Buedem. Kappreselen aus der Bordkichen an vum Kapitänssetz.
Allerdengs musse mer na googlen wéi sou en Bëschbrand sech wirklech op de Wuesstum vum Bësch auswirkt. Et ass nett vollkommen ausgeschloss dass d'Fanny mat sengen Theorien nett weit vun der wessenschaftlecher Realitéit eweg ass.

Mir checken schliesslech endlech an am Hotel. Den Hotel ass ok, american style awer sans plus. Bessi Motel-Charme halt. Et sinn vill amerikanesch Hiker ennerwee an verenzelt daitsch an letzebuergesch Touris.

Leider hunn mir keen Internet...wéi solle mir dat nëmmen iwerliewen?

Iwerall hänken Warnhinweiser wéinst Bieren. Anscheinend ass eng Bieremamm mat 2 Kanner um Terrain ennerwee. Et soll en op kee Fall Iessen am Auto loossen an och owes sech nett lang dobaussen ophalen. Mir huelen also alles Iessbares raus aus dem Auto an ran an d'Zemmer. De Mich huet allerdengs Angscht, dass de Bier dann, amplatz an den Auto, an d'Kummer anbrecht fir sech d'Iessen ze stibitzen.... Naja mol kuken wat an der Nuecht geschitt!

Mir ginn schnell bei de Pool fir déi lescht Sonnenstrahlen ze genéissen. Mir wëllen virun der 18-käppeger Hiker-Truppe am Pool sinn, déi schon den Hot Tub (Whirlpool) beim anchecken ennert d'Lupp geholl huet. Mee leider sinn mir ze spéit.

Eng daitsch Madame (déi natirlech direkt unhellt dass mir och daitsch schwetzen) an en vun den Hiker sinn schon présent...dann musse mir alt rem pool crasher spillen, an se all verdreiwen. Awer den Hiker, och genannt 'the guy from DC', mecht ons e Strech durch d'Rechnung. Hien fänkt e lockeren chat un.
En  tippescht Ami " where are you guys visitting from" smalltalk-Gespréich hellt sain Laf an iergendwéi och keen Änn.
Hien hält Tigeren vum spillen of! De Max schärt schon mat den Huffen fir de Wilson endlech ofzeschéissen....Awer emmer rem fänkt de guy from DC en neit Thema un. Hien wëll alles wessen. Vun wou mir sinn, wéi eng Sproochen mir schwätzen, wéi d'Kultur bei ons ass an sou weider an sou virun....

De Max zielt stolz dass mir geschter e Wein vun Washington haten, verwiesselt dobai awer Stadt mat Staat Washington. Den guy aus DC iwerhéiert dat awer galant.
Mettlerweil huet sech eng ganz Hickescht vun senger Hiker-Truppe am Hot Tub anfonnt (wahrscheinlech mat ongewäschenen Kéis-Féiss). 
Dono zielt hien dem ganzen hot tub infos iwer letzebuerg. Déi eler Herrschaften wëllen alles brühwarm erzielt kréien. De guy from DC verzielt gedelleg déi ganz story...

Endlech kann de Wilson an den Asatz. Dem Mich seng gefahrten Ultra-Bäll kommen zum Ansatz an mëschen den hot tub gewalteg op. Eng kleng Ofkillung kann am 100 Grad warmen hot tub nett schueden, denkt de Mich.

D' Fanny gewennt schliesslech an der ultimativer Partie an huet soumat de Sieg iwer all d'Spiller vum pool an der ganzer Vakanz errongen!!!!!!!
Hatt zitt de Mich gnadenlos of. Hien huet nairlech just 90% ginn an seng Ultra-Bäll nett géint sain Weibchen wollten ansetzen.

Wat en historeschen leschten Ansatz vum Wilson!!!!

An engem Duerf nett weit eweg ginn mir op d'Sich no engem Restaurant.  Duerf heescht Groveland.
Iwerall an desem Duerf sinn Réih déi grasen. Sinn lafen mol nett fort.


Mir décidéiren ons fir beim Charlotte z' iessen. E klengen léiwen Resto & Boutique Hotel mat Charme. Mir iessen onerwart gutt an mat fir des Géigend zimmlech aussergewéinlechen Rezepter, wéi engem Pad Thai !!! Mir sinn all zefridden mat onsem choix (den de Mich schon am Internet ausgekuckt hat).


De Max iwerleet nom Iessen ob en bei den coiffer soll zu San Fransisco oder nett.
"Du muss sos man ech et an der Nuecht" seet de Mich drohend.
"Just wann ech de feeling hunn" äntwert de Max verdreemt.
"Wann en d' Hoër iwer e Joër ziicht, ass dat nett sou einfach fir se of ze schneiden! Dat ass sou wéi mat dengen Zéiwenneel Mich!", gett de Maxwell ze bedenken. De Mich kann lo méi Verständnis fir déi ganz Affär opbréngen.

Mir man ons op den Heemwee zreck an den Hotel. Mir fueren ganz lues wëll vill Déieren kreizen des Strooss.

De Mich seet mir missten sou schnell wéi méiglech an d'Kummer lafen wéinst dem Bier. Hien wëll naischt riskéiren. "1,2,3 huelt är Saachen Kanner an lass!!!!!!!!'" Rifft hien. De Max an d'Fanny klammen ganz relax aus dem Auto...Mat ziddregen Fangeren spärt hien d'Kummer op. De Schweeswëscher kennt zum Ansatz....puuhhhh!!!Mir sinn na emol mam Liewen dovun komm!!!

Am Hotel ukomm décidéiren mir eng Lëscht mat den Hoteler an Restoen ze maachen fir ze kuken wéi en am beschten/ schlechtesten ofschneit. Meeschtens sinn Tigeren sech ents. Beim Vdara kennt beim Max bessi Onmut op wéinst sengem ( nett vorhandenen) Bett. No bessi Discussion gett awer e Kompromiss fonnt. Mir sinn gespant wéi dese Comcours wert ausgoen. Fir den Best Western am Grand Canyon gesait et düster (zappendüster) aus, souvill kënne mir schon verroden.

Et kennt schon bessi Wehmut op. Geschwënn ass ons genial Rees eriwer.... Et war onvergiesslech!

Ier mer gutt Nuecht soen deelt ons de Mich mat, dass hien immens frou ass haut keng Bletzer ze verursachen. De Max fënnt d'Matratz ok... Am Kapp ginn déi zwee schon hir Bewertungen fir desen Hotel durch...

Gudd Nuecht leider fir d'lescht vun deser wonnerschéiner Rees (Fanny)