Sonntag, 31. August 2014

Los Angelessss

No eiser éischter Nuecht am Avalon zu Los Angeles as d'Erwechen schwéier. Geschter hun mir en flotten Deel vu L.A. besicht, den Abbot Kinley Boulevard. Mir hun wonnerbar giess am Gjelina. Desen hippen, relaxen Staddeel huet eis gudd gefall. Haut wellen mir déi méi klassesch Attraktiounen besichen. Am Zemmer laafen déi éischt Virbereedungen...

D'Fanny beim Schminken. Dobai seet hatt:" ech doen haut aal Stremp un". Wéiiiii dann Fanny....
Mee hatt mengt nemmen dass et keng vun den 10 Puer neigekaaften Nikestremp sin. Uffff puuuuhh...

Komplett an NIKE angekleed verloossen déi 3 den Hotel. Déi éischt Station op eiser Stadtour as den berühmten Hollywoodboulevard. Mir stellen den Auto of an schlenderen iwwert den Boulevard. Alfred Hitchkock, Jackie Chan, The Simpsons...mir treppelen iwwert en Mier vun Stären. Et as wahrscheinlech déi Plaaz wou d'Leit am meeschten op en Trottoir kucken. Wéi een Staubsauger iwwerfléien Dausenden vun Aan den Asphalt an sie gesin Dausenden Nimm vun bekannten, mee meeschtens net méi sou bekannten Schauspiller, Regisseuren, Sänger...Meeschtens fennt et dann och net deen Stär nodeem een gesicht huet. Tescht all denen Stären tummelen sech Doubles vun berühmten Figuren: vum Spiderman, Minnie Mouse bis zum Hangover Beardman mam Plastiksbaby virum Bauch. 

 
 
 Mich beim Vin Diesel

Déi bescht sin awer all déi VUP-Rapper déi den Leit aus good old Europe irgendwelch selwergebrannten CD'en wellen undréinen. (VUP as den Géigendeel vun VIP).  "Where are you guys from?", "Luxembourg!!!". "Which side of Luxembourg?, east or west coast?" Waaaaatgelift......Dun ebeemol haat een soueng CD am Grapp an den Rapper huet schon sain Autogramm mat dengem Numm dropgemaach. Mir wollten schon weidergoen do héiren mir een jaizen:" Hey maaan, gimmeeee some tips, a donation, man...". Mir haaten gemengt CD vum Fake-Snoop Dog wir weéintens gratis. Mee wann et sou as,...." I don't want it...." an hun him seng CD zreckgin.....Den Mich rifft dem verdutzenen Rapper nach zou dass mir zwar aus Europa wieren awer net sou domm wieren all Wouscht unzehuelen..."We might be from Europe but we are not stupid!!!"

Den Honger mellt sech an aus Mangel vun wirklechen Alternativen geet et an den Starbucks. Muss an Amerika wuel eemol sin. Cappuccino, Café latte, Espresso gin an d'Becheren gefellt wou eisen Numm drop geschriwwen gett."Määäääxx, your small double capuccino with extra.....is ready". Schnell gett desen Fastfood-breakfast op enger Bank verschlongen. An weider geet et. Mam Lift geet et rop an den leschten Stack vum Shoppingcenter. Mir wellen en Bleck op den Hollywood-Schreftzuch erhaschen. Um 5.Stack unkomm, kennt eis direkt en Security-Jackie Chan entgéint. am chineseschen Slang mengt hien:  "This is a private areeea..". Um 4.Stack gesin mir zwar dunn "Hollywood" mee sou kleng dass een den Zoom vum Fotoapparat bis hannen hin muss opdréinen. Mir huelen eis fir sou no wéi méiglech un d'Buchstawen runzekommen....Wéinstens huet den Mich hei nach den Barack Obama begéint, sou konnt hien him en puer Tipps gin. 


Dono goung et nach an een vun typeschen Souvenirshopen vum Hollywoodboulevard. Hei dréint sech alles em den Film am Groussen Ganzen an virun allem em d'Oscars. Hei as fir jiddfereen mindestens een passenden Oscar dobai. Den Mich as dest Joer zum beschten Pilot gewielt gin. D'Fanny huet ennert aanerem an der Kategorie "best wife" gewonnen. Och als bescht Joffer konnt hat den Oscar dest Joer einheimsen. Congratulations..See you next year for the Oscar celebrations...

Jiddfereen vun eis kruut een Oscar :).

et gett nach bessen gefimt...


No enger gudder Stonn hun mir genuch gesin an mir klammen rem an eisen Auto mam Ziel den Hollywoodbuchstawen méi no ze kommen. Dofir fueren mir iwwert den Mulholland Drive. Bei Musik vum Greg Lamy an Sade ("my sweeetest tabuuuu") léisst et sech besonnesch gudd cruisen. Um Mulholland Drive keent een emmer méi haisch an d'Hollywood Hills. Een Haus as méi schéin wéi dat aanert. D'Strooss schlängelt sech un den Hills erop an emmer rem huet een wonnerbar Vuen op Downtown, Beverly Hills oder Hollywood. 


Oldtimer um Mulholland Dr.




D'Fanny gesait duerch den Sonnenbrell dass den Mich verléiwten Aan huet. Must be love :).

Eisen WILSON geet och iwwerall mat...


Mir hun eist Ziel erreecht an mir sin dem Hollywood-Schreftzuch ganz no. Merci un eisen Chauffeur :). Lo as Zait fir Selfien, Fotoen alleng,zu zwee, mat Sprong oder Gesten...






Dunn goung et rem den Bierg rof, duerch Bel Air mat sengem eleganten Stadvillen. 




Iwwert den Sunset Boulevard mat sengen groussen Affichen an dunn rem Richtung Beverly Hills. Um Wee dohin sin mir iwwert den Rodeo Drive gefuer mat sengen Luxus-Boutiquen. 



Hei hun mir en Stop gemaach fir an en Geschäft ze goen. Dreimool däert dir roden wéieent dat as........an?Jo genau, NIKE.



Et war net sou schlemm wéi déi éischt Kéier mee eng gudd Stennchen waren mir awer dobannen an d'Fanny huet rem puer Saachen fonnt. Den Mich war des Kéier an aanerer Funktioun täteg. Et huet een gemengt hien geng zum NIKEPersonal gehéiren sou wéi hien dauernd mat Kleeder hin an hier gaang as. Bei d'Cabine, Kleeder rangin, aaner Gréisst sichen asw...an daat goung  eng Hallef Stonn sou. Waat eng Gedold. :).



Dono haten mir dunn Honger an no bessen Hin an Hier sin mir schlussendlech do geland wou mir eigentlech frühstücken wollten. "Tarte Tartin" een schnuckelegen klengen Café/Resto an Patisserie. Jiddfereen hat en leckeren Sandwich an eng kleng Zalot. Als Dessert nach eng Äppeltärtchen fir d'Fanny, déi et awer natirlech huet missen mat den Männer deelen. 






LA as eng Stad wou een eng Reih vun Menschen gesait déi ziimlech expressiv sin, eng Stad voller Schauspiller déi an Cafés schaffen, Koppelen déi allenbaid gebotoxt sin. Deck Autoen virun normalen Haiser. 

Dono waren mir midd, irgendwéi war et en lazy Daag. Also Directioun Swimming Pool vum 5 Stären Hotel l'Ermitage zu Beverly Hills. An eisem Hotel as den Pool zou wéinst enger Barwitza-Party.



Daat war richteg gudd, eng Rooftop-Piscine. Een fistelnden Poolboy, den iwwerfuerdert war, Fraen op High Heels beim Pool. LA as it best. D'Jongen hun natirlech den WILSON matgeholl. An dun as mam Ball geschoss gin. Dono koum Duell Loftball(Max) géint Waasserpistoul (Mich). Aarmen Max. Den Pool war souzesoen vun den Jongen besaat. Hin an hier as den Ball gaang an en as och mol aus dem Pool geflunn. Den Max krut och mol en Ball op d'Nues dotescht. Eng Kéier as och en Spiggel getraff gin. Bei där Action as den Mich un den Abflussgitter geschrubbt an et huet sech un der decker Zéiw verletzt. 



An der ganzer Zait huet d'Fanny sech gesonnt an as dunn nach bessen an den Pool gaang. Oh yeah, it's so good to be lazyyyyyy sometimes. Mir hun gudd gerascht an sin och bessen brong gin.
D'Männer (lo net méi Jongen) hun dunn nach beim Pool en Burgerresto fir Owes rausgesicht. 

Eiiiiiii :)


Golden Gate huet den Burgerresto geheescht am Fairfax District. An deen war richteg genial, eng super cool Atmosphere. Black music, local people, good burger. Richteg authentesch, net irgendeng Chaine. Eisen éischten Burger an Amerika war richteg lecker. Sou kann et weidergoen. 


The Burger



Dun sin mir nach an en CVS fir dem Mich seng Wonn ze verplooschteren an dunn heem an den Hotel. Muer geet et vun LA op Las Vegas. Yeah Baby!!! (Max)



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen