Mer sin also moies geint 7 wakreg gin nodeems mer alt erem geschlof hun wei een steen!
Hun eis no enger klenger kierperhigiene dun op de wee gemach fir fruehstuecken ze goen... À la américaine!
Mer hun an eisem Pelican Inn & Suites en klengen Raum mat 6 Descher fonnt an de choix huet eis net vill spillraum gelos!
Entweder knetschegt brout, oder pudereer, fake jus, kaffee deen duerch eng aal stremp gefloss as oder verbrannten waffelen.
Egal... Mer hun alles probeiert!!
En klengen Spazeiergang um Strand as nach neideg fir desen heavy kascht ze verdauen... Den max an fanny gesin nach en kleng squirrel deen si ganz no wellen gesin... Ech stin deier saach als bessi mei skeptesch entgeint...
Fanny as natierlech frou wei een klengen Fuus an flattert mat sengem Schaal froehlech durch geijend bis et dun midd as an sech bessi entspaanen muss...
Dun de koffer gepaak, ausgecheckt an lass as et gang richtung sueden um highway n1!
Eischt destinatioun:
Nike Outlet store!!
Ennerwee hun mer missen tanken, eisen bulldozer schleckt nawell sprit...flott affaire as eisen navi deen am auto as... Deen net nemmen wierder per satelit rooflued mee och all daeglech spritpraiser vun den tankstellen. Nodeems mer dei bellegst fonnt haten waren mer 90$ lass! An awer hun mer eppes gespuert!
Fir des ganz strapazen ze vergiessen hun mer ganz haart amerikaneschen radio gelauschtert an hun eis emmer rem verleeden gelos fir dobei ze tanzen... À la américaine!!
Am nike store ukomm as eis schnell kloer gin dass dei puer penny dei mer beim sprit gespuert hun, un sech just eng dreps wasser op den warmen steen as wann een am nike store komplett an den shoppingrausch gereit!
Nodeems mer 19 artikelen fir fanny, 23 fir den michel kaaf hun.....(de max haat sech selwer enner kontroll, waren just 9)
As et dun nach schnell bei CK gang fir ennerwaesch ze kaafen!
Dun sin mer mat engem vill mei vollen auto iwert stroos gefuer richtung K-Mart... Wou mer en ball kaaf hun fir am pool ze spillen, eng truh, eng loftmatrasse, tonnen wasser an puer aner kleng dommheeten.
Sou lo sin mer equipeiert fir eis grouss rees an den wilden westen!
Yiiiihaaaaaa!!
Dun as et weider gang richtung los angeles... Den state highway 101... An den highway n1...richtung sueden... Kuerz eng keier durch Santa Barbara mat der Akaafsstroos voller Charme...
Laanscht un Oxnard wou eng shopping mall nierft der anerer war...durch Malibu gefuer wou een Haus nierft deem aneren direkt um Mier gebaut as...
All dei Andreck!
Sou lo parken mer den auto an man eng paus anzwar um weltberuehmten Venice Beach zu Santa Monica!!
touristen vun der ganzer welt, artisten, surfer etc
Hei gelt een motto, gesin an gesin gin!
Ganz ennerhaltsam eigentlech...
Den max an ech weihen den neien ball an... D'fanny sprint direkt richtung mier... Dorops haat et lo de ganzen daag am auto gewaart!!
Zakkkkkk an no 10 minuten kennt et zreck mat engem riesegen laachen um gesiicht!
Dono schnell um strand den sand oofgespullt... Aner kleeder ugedoen am auto... An richtung gjelina restaurant an engem saucoolen hippen quartier,.. Mat bolli-geschaefter an klengen restauranten mat lauter frescher kreider an geröcher!
An zakk huet de fuus schon den eischten buttek gesin (en liedersbuttek) an geet ran en flotten rimm kaafen... Dono schnell an den restaurant well den michel get nervoes, sot den max:)
An mer bestellen:
2 selwer gemaaten limonaden
1 icetea
1 pizza mat tomaten an burrata als entree zu 3
1 portioun ricotta gnocchi
1 lamb chops
1 pasta mat lamb an geese keis
1 pizza mat tomaten an chorizo
1 portioun friten
Hmmm de bauch gudd voll geet et weider richtung glacebuttek deen mer schon kennen vun senger zwillingsschwester zu san francisco!
Vanille an schokola fir mech
Vanille an erdbier fir de muxert
Fanny as raisonabel an schmaacht just bei eis....!
Dono zreck bei den auto geschlendert...fir rauszefannen dass mer dei madame hannert eis bessi ageparkt haaten mat eisem scheff...si haat mettlerweil schon police geruf...
Schnell entschellegt an weg aus dem steps!
Gangsteren wei mer wellen nix mat der police ze din hun...
Am hotel avalon zu beverly hills ukomm...auto empfang krit... Koffer eidel geraumt... Angecheckt... An kummer... Tuuten vun nike eidel gema... Geduscht... An gudd nuecht:))))



































Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen