De muerjen frei ass den Dag lass gang an fir wakreg ze ginn hunn mer fir d'éischt mol gutt op enger Bänk an der Bucht gefrühstückt...an e leschten verniwelten Bléck op d'Goldengate bridge genoss...
Äddi Frisco, et war schéin!!!
Nom Frühstück hunn mer ons nach mat leckeren Saachen aus engem Luxus-Supermarché agedeckt wou all Becks an Reih und Glied stoung
De Michel konnt sech dunn och endlech sain Pastrami-Sandwich kafen wou en schon sou lang dovun gedremt hat
Dunn waren mer startklar fir eise Wee vun San Fransisco op Cambria um Highway number 1.... Wonnerschéin an bal dauernd vue sur mer.
Andauernd wollten déi zwee "Paparazzien" stoen bleiwen an Fotoen man.... Vum Chauffeur waren stark Nerven gefrot...
Eischten Stopp war Roosevelt beach wou ech direkt schon mol meng Féiss an d'kalt Waaser gestreckt hunn...
"Daje Fanny mir fueren lo..."
Schliesslech wart nach e weiten Wee op ons...
"Neeee... Wart op mech!!!!"



Ganz romantesch...
Nächste scheinen Stopp war en Leuchtturm an der Pigeon bay wou de Michel et net méi gepackt huet an sain éischten Pastrami Sandwich huet missen iessen
Fir eng genial Foto hunn mer ons ganz no un den Ofgrond getraut... An do sinn ech och schon mol ausgerutscht... An keen Mensch huet mer gehollef opstoen...bis ech bessi méi daitlech gouf:
"Putain hellëf dach en mer op!!!!"



Lanscht Strooss waren ganz vill Felder mat Kabes, Zalot, Artichaut... An soumat och vill Farmer Markets. Op sou engem Stand hunn mir ons dunn mat ganz frëschen Uebst versuergt...
De Mich ass begeschtert vun der Auswiel
An och ech kommen aus dem Staunen bal net raus...
De Max kontrolléiert op d'Pamplemousse och wirklech grouss genug ass...
Dunn war et Zait fir eng Pipi-Paus wat guer net sou einfach war..... Vun enger Toilett keng Spuer... Dofir sinn mer vum Mier weg an d'(rain)forest gefuer wat och wirklech schéin war! Riesen Bem hannert denen en sech konnt verstoppen...
Onsen Tank war dunn rem eidel, den vum Auto awer leider och an dofir hunn mer onsen Monster-Truck missen fëllen
Zait fir ons lecker Sandwichen ze frupsen an op eng schéin vue missten mer net verzichten
Nach e kurzen Ofstiecher op Monterey an d'Canary row.. Wou lauter Fëschbechsen-Fabriken sinn
An wou geet et lo hin... Ech wees et och net, gutt dass mer e GPS hunn!
De Mich fänkt un midd ze ginn, hien muss sech schon selwer op de Bak schloen fir zou sech ze kommen... Wat hunn mir dach e super Chauffeur!
Gott sei dank hunn mir dem Max seng genial Musik vum i-pad déi mer op ultra hart stellen... Sou ginn mir alt rem fit fir weider ze fueren
Kurz virunn Cambria hunn mer dunn nach eng Plage mat See-Elefanten entdeckt... Et huet en se schon vun weitem gericht...
Endlech zu Cambria ukomm hunn mer vum Jimmy ("hey guys how are you doin'"?) eis gemütlech Kummer kritt. Den Max wollt sech en bessen strecken fir d'Middegkeet rauszeloossen. "Rummsxwrxxxxxzzztaaaahhhh" kennt seng Hand an den Deckenventilator. Auuutsch!!!! Do haaten déi aaner 2 natitirlech eppes ze laachen.
Dono séier fir d'éischt des Vakanz an de pool spillen... D'Jongen hunn natirlech "sou eppes wéi e Ball" vermesst...den Max rifft ganz haart: "Someone has a baaaaalll??" Mee neeeeee. Keen äntwert :(((. Do mussen sie aaner Saachen maachen. Zb Pouusen am Pool...
Bei onsem Concours "wen sprengt am schéinsten an d'Waasser" hunn ech mat enger Haltungsnote vun 6 gewonnen.
Dem Max sain Bauch war dono liicht rout...
Och ouni Ball an Loftmatratz hunn mir ons amuséiert!
Nom Pool hunn mer ons färdeg gema fir an de Resto wou et fir d'Jongen den éischten leckeren Steak gouf... Op der Terrasse direkt bei der Plage hunn mir den Sonnenennergang genoss...
An lo séier an d'Bett, et war e langen Dag mat vill kilometeren déi mir hannert ons bruecht hunn!
An muer geet et an d'Stadt vun den Engelen... Los Angeles mir kommen!!!!
Gutt Nuecht!
(Fanny)


































Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen