Sonntag, 31. August 2014

LA Richtung fabulous Las Vegassssss!!!!



Gutt midd nom Burger-Festmahl leien mer all relax am Bettchen.
Als Beweis wei d'Fanny emmer um Rand vum Bett leit, huet de Max mol eng Beweisfoto gema...sos glewt de Mich et jo nett...also  fifty/ fifty ass dat nett... Oder?
Dem Mich seng passend Äntwert:" Déi enzeg Plaz wous de besser leits, ass beim Max am Bett! Lo kennt de Luce riwer bei dech Tiger-Jong!"
Mee nee d'Fanny bleiwt aus Liebe natirlech do... Trotz der Gefohr aus dem Bett ze falen.

D'Nuecht war iwerstanen an dunn sinn d'Kofferen gepak ginn fir Richtung Vegas.
D'Fanny huet alt rem getrentelt, dofir hunn d'Jongen sech schon missen mat onsem gudden Wilson beschäftegen
An der Lobby ukomm wollt de Mich dunn e klengen Rabatt einheimsen weinst dem bar mitzvah Fest (alias Barwitza)... Schliesslech konnte mer doweinst nett an de Pool... Nodems Receptionistin sech quasi an hien verkukt hat, kruten mer suguer de Parking fir naischt: 60 Dollar gespuert=Frühstück bezuelt! Merci Mich fir dain Ansatz!!!

Eist schon bezueltent Frühstück hunn mer dunn zu Melrose an engem flotten Quartier zou ons geholl, am Blu Jam Cafe.


Eist Frühstück huet keng Wënsch op gelos. Eeeeiiiii lecker... Awer wéi sou oft an Amerika zevill, mee dofir gett et jo den doggy bag
Jo dir gesitt richteg, dat ass keng Foto vun geschter. De Mich wollt och muerjes beim Frühstück nett op de Buerger verzichten....
Dem Fanny sain kalifornescht Frühstück

Hmm dem Max seng lecker séiss Toasten...

Och an Amerika kann en gutt iessen, wen hätt dat geduecht!? Et muss en just kuken wou. An dank onse Jongen déi all Dag op en neits den Internet durchforsten, ass ons dat och bis lo super gelongen!

Dunn ass et durch Downtown LA Richtung Las Vegas gangen op dem Freeway 101 durch Mojave-Wüst.
Yeahhh Baby thats what i'm talking about!

E puer Andréck vun deser Streck


Well d'Wüste-Landschaft dach zimmlech eintöneg war, hunn mir ons anescht missen beschäftegen...

An zwar mam sougenannten Autodance

Hei den passenden Kommentar vum Määääääxxxxwellll:
(De passenden Video ass legendär!)

Nom Scheibenwischerdance an Kappreseler (Max), Push-the-wall an Scheller lenks-riets Move (Fanny), dem Down on the floor Geste (Mich) sin haut nach en Puer Autodancemoves dobai komm: den Jazztrompéiter mat den Hänn net um Steier, den Salsamove alles vum Mich an allgemeng den Pistoulenmove, den John-Travolta Gedächnismove, den Rolltreppenmove an den Horizont. Emmer méi Dänz sin dobai komm: den Hammermove an d'Well, den Carré-Roboterdance an den Schweesswescher, den Houschtmove, den 360 Zeigefinger in the air, the clap, the heart pump-move. Den Niggadance an den Bodyshake an méi speziell den Eershaker ;).Den Mich as hei deen kreativsten, emmer nei Bewegungen entfléissen sengem Body. Eng Choreographie as schon geprouwt gin, mam Max als Danceinstructor. Och en éischten Video as schon gedréint. To be continued...

Nom Autodance war Zait fir eng Pipi/ Tank-Paus an zwar am Primm Valley, engem Mini-Las Vegas

An durch Zoufall war do och en Outlet an sou war et Zait fir Nike Klappe die dritte.
De Mich ass alt rem an e Shoppingrausch geroden an huet d'Ärm mat Shorten an T-Shirten vollbelueden.
Mee d'Vernunft huet gesiegt an schnell sin mer fort vun denen villen Versuchungen... De Mich war nett frou dass hien naischt kaf hat...
An dunn war et um Tour vun onser Shopping Queen

Beim Numm Michael Kors schallt d'Gehier of an de Shopping-Scan-Bléck gett angeschallt.

Schnell war d'Beute am Viséier: Eng wonnerschéin rout Posch!!!!!! An och nach soldéiert!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! Eng rout Posch huet d'Fanny nömlech nach nett, also BRAUCH et eng ONBEDENGT!!!
An och d'Jongen waren d'accord mat der Wahl...


Nom klengen Shoppingtrip war et nett méi weit bis Vegas


E puer eischt Andreck vun enger impressionanter, hecktescher, onrealistescher an schrecklech ustrengender Stadt:


Natirlech hunn mir och d'Little White Chappel missen besichen, wou quasi alles ugefangen huet mam Schnucki-Team.
Oh wat waren ons Eltren erschreckt wéi mir 2008 vun Vegas bestued rem komm sinn.... Mee et huet sech dach méi wéi gelount :-)))))))


No der ganzer Romantik war et Zait fir e knallharden "Mich-Buttek":

HARLEY DAVIDSON!!! 

De Mich huet sech gefreet wéi e klengt Kand an ass aus dem Staunen nett eraus komm...

E puer flott Harley-Vegas-Shirten sinn lo dem Mich seng... De Mich freet sech schon fir se op sengem Bike auszeféiren 


Nach e puer Blödeleien am anscheinend gréissten Gift-Souvenir -Shop vun der Welt 

Dem Mich sain neie Kolleg...
Ulalalaaaaass....
Ok?!.....


Uff lo endlech an den Hotel anchecken...

De Wilson ass natirlech och mat dobai!!
Den Hotel ass wirklech flott: modern, e leut direkt beim Strip ouni awer direkt am Trouble ze sinn, flott grouss Kummer

Enzegen Hoken: keen Bett fir de Max...
De Max kritt dofir vun enger Latina e Couchbett gema... Während de Mich an der Buedzemmer Dommheeten mecht...
Mee leider ass et sou onbequem dass de Max op de Buedem muss auswechen. Och dat ass dermossen hart dass en d'Couche zesummen klappt an der Couche pennt... Armen Max hien ass zimmlech geriedert....

No bessi raschten am Zemmer machen mir ons färdeg fir d'Steakhouse am golden Nugget, en vun denen elsten Casino'en zu Vegas. Desen leit an Downtown, do wou déi éischt Casino'en enstanen sinn

De Restaurant ass richteg cosy, alen New York- Style mat roueger Frank Sinatra Musik
Do leit schon onst Fleeeeeeessscchhhhh
Hmm.... Op der Kart sinn sou lecker Sachen...sounds like a dream to me...

Onst Iessen war en "dream"... Botterzarten Steak....
D'Gromper aus dem nuklearen Reaktor

Mee op emol fällt ons hannert ons eng amerikanesch Koppel op déi scheinbar an en Streitgespréich verweckelt sinn..  De Mich spetzt seng Éiercher... Mir lachen ons kromm an sou munch Aussoen vun der "verléiwte" Koppel sinn net jugendfrei... De Streit gett emmer méi hetzeg an komescherweis gett d'Musek (déi schéin relax an lues war) emmer méi hart opgedréint sou dass en bal sain egent Wuert nett méi verstan huet...
De Garçon freet:"are you enjoying the show?" 
De Mich: "Are you charging for it?"
G:" no this one is for free"
Mir amuséiren ons köstlech...
De Max zwesch denen zwee Streithähnen...

An zu gudder lescht huet de gudden Här ( nodems seng Fra de Resto fluchtarteg verlos hat) sech 10 mol bei ons apologized... An wollt suguer obs Rechnung vum Iessen ( déi zimmlech héich war) iwerhuelen...
Leider hunnmer ofgelent... De Mich huet krampfhaft versicht eng Ursach ze sichen fir d'Angebot unzehuelen, leider ass et him nett auf die schnelle gelongen...

Gutt Nuecht! What happens in Vegas stays in Vegas....(Fanny)'
































Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen