An der Receptioun as schnell nach den Internet gerett gin fir den ganzen Hotel. Michel sei Dank...an dem Réceptionnist aus Northhh Carouuulinaaa. Lovelyyy!!!
Nach en puer lescht Blödeleien mat (Schnurr-)Bärt, Feschhoer... d'Bollien setzen en leschten Géigenungreff....
Dunn an den Auto an en bessen duerch d'Hiwwelen an laanscht d'Küste ronderem Tiburon gecruised. Op eemol huet sech en liicht Hongergefill angeschlach. Een éischten Frühstück war fälleg! Espesso, Cappu, Bananencake am Italiener um Eck geholl an dunn gemittlech zu 2 den Niwwel an den Mieresdoft vun der Bay vun San Fransisco genoss. Eiiiiiii!!! Déi éischt gudd Entscheedung vun desem Daag...
Wat schéin Jongen !!! Gudden Appetit...
Mir hun d'Fanny awernet vergiess an him gentlemenlike en Steck Bananenkuch matbruecht. Punkt 8 Auer as daat dun un d'Bett servéiert gin!!!Dotescht waren mir nach Medikamenter, Gedrenks asw...an den Drugstore sichen. Vorsorge ist das halbe Leben :)...Waat huet d'Fanny eng Chance dass d'Männer un alles denken:).
Dun as et lassgang, Auto ungeschmass an Richtung City...Eischten Stop: Lombardstreet. Hei waren mir schon geschter. En bessen zu Fouss Kéiren rof an rop, d'Been ausreselen...
San Fransisco eng Stad mat Hiwwelen, op denen schéin viktorianesch Haiser stin!!!
By the way...d'Fanny huet den Weltrekord am Traapensprangen virun viktorianeschen Haiser gebrach:
Fishermans'wharf d'Hafenfront vun San Fransisco war eis nächst Ziel Mir haaten geplangt an den Hollywood Café ze goen fir dem Fanny sain éischten an den Männer hieren zweeten Frühstück. Mee schnell hun mir emgeswitscht.Waardereih op 13.Plaaz, schmuddeleg Kichen an Touristenattrap hun eis net gefall...not at all....
Dunn war fir eng Zaitchen Harley am Mettelpunkt: firtéischt Harleygeschäft an dunn am Kreemerchersbuttek e puer Schelder mat Harley Davidson Motiver fir d'Garage ergattert. Den Mich war glecklech wéi een Honigkuchenpferd!!! Suguer als Detektik war hien nach täteg an huet en Jong ertappt deen Kaarten geklaut huet. OhhhBoyyy!!!! Definitiv dem Mich seng Minuten...
Dunn huet sech awer rem den Creux aus der Mogéigend gemellt...An mir hun een flotten, styleschen, geschmackvollen, megacoolen Café gesin wou mir lecker gebruncht hun. Crabe-Sandwich, Croissant, freschen Jus. Mat engem Strahlen hun mir op der Terrass alles genoss an eis emmer rem selwer geluewt wéi gudd mir dach rem entscheed hun :).
Mat vollem Mo sin mir dunn iwer d'Hafenesplanad geschlendert. Soulues as och d'Sonn rauskomm an sie as och bis Owes bliwwen. Directioun Pier 39 bei d'Seerobben. Mmhhh wat en lecker Feschdoft kennt eis entgéint...Mee schnell sin mir vum Spektakel vun den Seerobben faszinéiert. Natur Pur.
Dono hun mir eis nach den Rescht vun Fisherman'swharf ungekuckt. Geschäfter, Caféen an Uebststänn mat Erdbieren sou grouss wéi Äppel. Amerika eben...hei as duebel sou grouss, sou deck...
Den Mich huet hei och rem un sain Lutscher missen denken, den hien hei als klengen Jong net kruut. Same place, mee nach emmer keng Lutsch :)!!!
Dono as eisen Stadtour weidergang, des Kéier Richtung Coit-Tower um Telegraph Hill. Eng vun den hächsten Plaazen, wou een eng wonnerschéin Vue op d'Stad huet.
Den Mich huet emmer rem missen op déi zwee Paparazzien waarden déi alles geknippst hun waat Stad ze bidden hat...An senger neier Lieblingsmaschinn waart et sech natirlech méi einfach!!!
Et goung rem Biergerof wou mir firtéischt duerch North Beach (Little Italy) an dun duerch Chinatown gefuer sin. Bongiorno, Ciao an Ni hauuu.... Dat reimt sech suguer :)
San Fransisco as definitiv ganz internatinal, multikulturell an et huet een d'Gefill dass d'Zesummenliewen och gudd klappt. Mir fillen eis hei als kleng Letzebuerger richteg wuel!!
Duerch den Stadzentrum, Unionsquare mat sengen bekannten groussen Geschäfter an Wolkenkratzer. Hei sin mir nemmen duerchgefuer.
Mir wollten schnell rem an den Missiondistrict. Hei gett et keng Wolkenkratzer mee eng cool an angenehm Atmosphere, relax, ouni Stress, schéin kleng Geschäfter, flott Caféen. Den Auto gouf rem ofgestallt an dem Max seng Kreditcard huet suguer funktionnéiert !!! Hei brauch een nämlech e soueng fir den Parkautomat...
Mir sin d'Valenciastreet rop an rof gaang an hun et genosst. Eischt Shoppingerfolleger kennen mir berichten (an den sougenannten "Bolligeschäfter": Zitat Mich/Erklärung: kleng, stylesch Geschäfter spezialiséiert an Kleeder, Schong, Deko vun allen Zorten, etc pp). D'Fanny kruut giel Allstars déi et direkt ungelooss huet an en Bracelet an Goldoptik. Den Max huet immerhin eng Käerz kaaf...
een typescht Bolli-geschäft :)
Mee den Mich war och méi wéi zefridden. Spaitstens wéi mir an engem flotten Chocolatsgeschäft mat der Verkeeferin an d'Gespraich koumen. Smalltalk vun hächster Qualitéit...An elo haalt iech fest.................d'Meedchen as een vun insgesamt 10 Amerikaner déi Letzebuerg kennen...an och schon mol dowaren an GANZ wichteg och nach woussten dass daat lo Letzebuerg war wou sie waren. How lovelyyy is that :))). D'Verkeeferin as dunn nach méi sympatesch gin wéi sie eis d'Glace zervéiert huet. Ganz fresch an selfmade, d'Friichten huet een nach rausgeschmaach: Blueberry an Vanille. Ech mengen mir waren him dun och sou sympatesch dass mir just d'Halschent vum Prais bezuelt hun :))). Awer pssscchhhttt!!!
Mmmmmmhhhhh lecker!!! Den Mich huet locker seng dreifach Portioun gepackt :)))
Dono gouf et een Espresso, Cappuccino, Caffe latte an engem styleschen Coffeeshop. Alles nach emmer op der Valenciastreet.
Nom 23. Bollisgeschäfter huet den Mich éischt Zeechen vun Nervositéit gewisen an hien as zum Ungreff géint den Krimskrams ungereckelt.Dofir huet hien sech an sain schéinsten Kostüm geschmass fir d'Bollien aus dem Geschäft ze verdreiwen. Uuuhhh scary...
Mee schlussendlech gewennt den Mich an mir landen beim nächsten Boxenstop ob enger Terrasse. Des Kéier rem bei eisem Lieblinsitaliener zu SF. Bei freschgebaakener Focaccia léisst et sech besonnesch gudd d'Leit beobachten. Hei geschitt emmer eppes: Skateboarder gin baal iwwerrannt, Henn pissen vurun eis Féiss an Leit vun allen Zorten gin oder fueren laanscht: Hipster, Rocker, Skater, EMO's an all déi aaner och.
En puer Impressiounen aus der Valenciastreet:
No 4 Stonnen Valencia sin mir an den Auto. Nachenbessen duerch d'Stad gefuer duerch den Hippievéirel. Dunn déi nächst richteg Entscheedung. Spontan hun mir beschloss net an den Resto owes zu SF ze goen. Sorry AQ... Dofir sin mir hannert der Golden Gate Bridge, duerch den Niwwel, an d'Bierger gefuer. Mir waren souzesoen an der Wollek... Biergof sin mir duerch eng wonnerschéin Landschaft gefuer mat nach méi schéinen Vuen.
Schlussendlech sin mir op der Plage geland. Déi lescht Sonnenstrahlen vum Daag, vill Wand, héisch Wellen, Surfer déi drop reiden, Sand ennert den Féiss. Wat en Ofschloss vun engem flotten Daagestrip op San Fransisco :)))....
Wéi och virdrun war déi lescht Entscheedung vum Daag och genau richteg. Dinner am Hafen vun Tiburon, op der Terrasse mat Bleck op d'Bucht an op den Yachthafen. Wonnerbar italienesch fresch Pasta giess. An den Dessert war och top...
Muer den Moien verloosen mir San Fransisco an fueren eis éischt grouss Streck mat Ziel Cambria.
Gudd Nuecht (Max)...





































Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen