Nodeems mer 1 stonn an der douane stungen hun mer direkt eis kofferen geholl an sin mat engem airtrain bei rental cars gefuer...
30 minuten mei speit hun mer en fonkelneien SUV CHEVROLET TAHOE 2015... Schwarz mat geteinten fensteren... Toit ouvrant... Super musikanlag an gps souguer!!
Mer fillen eis wei gangsteren !!!
Sonn schengt bei 20 grad... An mer cruisen richtung san francisco... Fenstren op... Musik un... Amerika mer sin do!!
Richtung golden gate bridge fir an eisen hotel ze fueren deen noerdlech vun san francisco ausserhalb leit...fueren mer dann un der lombard street laanscht an loossen eis dei chance net huelen fir eng keier dei wonenrschein stroos erof ze fueren... Waat eng pracht... Sou schein blummen...! Des staat as wierklech soigneiert...
Nodeems mer dest erliefnis op fotoen festgehaal hun fueren mer roof un wasser richtung fisherman's wharf... Et geet stroossen erop... Stroossen erof...
Mer wessen guer net wouhin kucken...
Dono fueren mer iwert golden gate bridge op tiburon noerdlech vun sfo!
Lues a lues faenken un wolleken iwert breck ze zeihen... Sou wei an den filmer wei een sech daat erdreemt huet
Am hotel ukomm an der klenger fescherstaat tiburon dei awer mettlerweil eischter vun raichen amerikaner besaat gin as dei hei en supert liewen feiren ausserhalb vun der groussstaat
Leit laafen buerfeiss mat hieren henn iwert den strand... Kanner spillen fussball um strand... Aner famillen maachen picknick... Et as super hei...
Den hotel selwer as eben en amerikaneschen vorstadthotel... Ganz komfortabel mee definitiv net dee luxus deen mer an den leschten vakanzen haaten!
Nodeems mer all eng dusch geholl hun an ech beim fernseh kuerz en powernap gema hun, fanny sech faerdeg gema huet geet et rem lass...
Duerch Sausolito gefuer, engem klengen fescherduerf mat lauter klengen sympatheschen boutiquer...(ouni fresch kreider) fir dann op engem aussichtspunkt ze landen wou een iwert ganz staat an golden gate bridge geseit...
Wow waat eng vue!!
Et bleisst en freschen wand!!
Mer sin zwar all doudmidd mee geneissen zesumen laachend all moment... Genau sou soll eis vakanz sin!!
Genial!
Nodeems dann jiddereen mindestens 1x op enger foto war geet et weider richtung staat... Sonn as amgaang ennerzegoen an daat liicht as beandrockend!
Ennerwee fir an eisen koreaneschen restaurant wou mer um 9 auer eng reservatioun hun fueren Mer einfach mol planlos duerch staat an kucken wou et eis hindreift...
Eng stroos mei schein wei dei aner..
Een haus mei schein wei daat anert...
Des staat huet een imensen charme!
Fir ze parken war daat wuel bessen mei schweier mat eisem scheff... Net parken selwer mee eng plaatz ze fannen wou een dranpasst...!!
Mer sin an der geijend mission... Valencia street...! Hei as eng super hipp geijend.. Flott kleng restauranten... Kleng gemitterlech café´en...genau daat waat eisen fuus gaer huet!
Domad gelt fir mech:
Happy wife = happy life!
Mer sin all sauzefridden an middegkeet as schnell fort nodeems mer sn engem styleschen italieneschen restaurant op der terrasse en double espresso drenken...an dobei eng pizza buffalina zu 3 deelen als entree fir eisen koreaneschen restaurant dono!!
Selten sou eng gudd richteg napolitanesch pizza giess!! Top!!
Lass geet et dono fir den haaptplat bei den schlitz...
Dobannen war et kleng an super modern... Atmosphere garanteiert mat engem vollen restaurant um 9 auer owes...just dass een sain eegent wuert net verstan huet...
Kaum setzen mer... Heiren ech eng stemm mer an ouer blaeren:
Hey guys how are you guys today?
Eeeehla ech sin der 30 an net daaf!!!
Maischen haat sech bessi am toun vergraff...
Naja also iessen bestallt...nodeems mer 3 wei blann hinger op der kaart eppes gesicht hun waat eis schmaacht... An daat war net einfach...
Bon als westcoastroadtrip-team deelt een och d'iessen, net nemmen kummer...
Entree waren dumplings mat champignon'en dran... Top!!
Dono koum en poulet an enger krust... Sou wei gebaakenen fesch...naja... Net sou den hit fir mech...
Dono eng zopp mat nuddlen an poulet...
Ech perseinlech muss soen den gout vum poulet war grausam... En richtegt aalt zoppenhung war daat do!
Bezuelen an raus... Eischter en schlag an wasser daat... Mee daat kennt fir... Mer sin jo och schliesslech net an amerika komm fir en kulinarescht erliefnis!!
Mam auto zreck op tiburon iwert eng golden gate bridge...
Mer sin dun bei enger rouder luut allen 3 ageschlof.... An vu mengen kuerzen schnaarchen rem wakreg gin... Gudd dass hei sou laang rout as!
Gudd nuecht!
(Michel)












Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen